Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Zala & Val Kravos

De Piano: D'Leidenschaft vun de Geschwëster Kravos

Ganz talentéiert Pianiste vun 13 a 15 Joer, an déi och nach Geschwëster sinn, ass zimlech seelen. D'Zala Kravos léiert Piano am Stater Conservatoire an an der Chapelle Reine Elisabeth zu Bréissel. De jonke Brudder Val Kravos ass 13 Joer, léiert och Piano am Stater Conservatoire a wëllt wéi seng Schwëster eng Carrière als Concertspianist aschloen.

D'Geschwëster Kravos spillen den Sonndeg 18. Februar 2018 am Centre Culturel Altramenti vum Convict e Concert.

De Manuel Ribeiro huet sech mat den zwee jonke Museker ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen