Eng infizéiert Welt

Christian Mosar

Virun 100 Joer ass déi Spuenesch Gripp ausgebrach an ass zu enger Pandemie ausgeaart. Millioune Leit si weltwäit dru gestuerwen. D'Massegraf vum Éischte Weltkrich war just zougeschott, dunn ass déi makaber Krankheet nogezunn. Mä si war net déi eenzeg grouss Infektiounswell, déi d'Tëschekrichszäit sollt markéieren.

Eng spuenesch Gripp ... aus den USA

Et gëtt aus der Zäit vun der Spuenescher Gripp selwer keng richteg a koherent Etude vun dëser Katastroph. Zensur, inexistent Gesondheetssystemer, an eng ganz Rëtsch aner Facteuren hunn ausgemaacht, datt weder richteg Statistiken nach Dokumentatiounen opgestallt goufen. De Christian Mosar mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen