Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Blondie 1977, ee Joer viru 'Parallel Lines': v.l.n.r. Gary Valentine, Clem Burke, Debbie Harry, Chris Stein, and Jimmy Destri

Blondie - Parallel Lines

D'Frontfra Debbie Harry, hire Frënd, de Bandgittarist Chris Stein an de Produzent Mike Chapman sinn d'Haaptprotagoniste vun engem Album, dee laang gebraucht huet, ier den Erfolleg sech agestallt huet: eréischt déi véiert Single-Auskopplung schléit an - dat awer zolidd.

Den Chapman - extra vun der Plackefirma Chrysalis fir dëse Release engagéiert - war ë. a. Produzent vu Smokie, Mud, Suzie Quatro a The Sweet an huet seng Erfarung fir Ouerwierm mat an de Studio bruecht. Fir "Heart Of Glass" huet hien op den Disco-Sound gesat. D'Band selwer war am Ufank wéineg begeeschtert vum Sound: "It's commercial, but it's good", huet d'Debbie Harry awer missen unerkennen ...

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Horses - Patti Smith

    En Album, deen déi nach jonk Punk-Bewegung sollt staark inspiréieren. Fir d'Rockpoetin Patti Smith selwer ass et danzbare Rock'n'roll.

  • Pet Sound - The Beach Boys

    Am Mee 1996 kënnt deen 11. Studioalbum vun de Beach Boys eraus. Produzéiert vum Brian Wilson.

  • Transformer - Lou Reed

    "Walk On The Wild Side" - wou nuets aus dem he e she gëtt - ass den dominanten Iwwersong.

  • Abraxas - Santana

    De typesche Gittaresound an eng Hellewull u Perkussiounsinstrumenter sinn typesch fir Welthits wéi "Black Magic Woman" an "Oyo Como Va".

  • Sticky Fingers - The Rolling Stones

    Et ass hiren éischten Album no der Trennung vun Decca Records, vun elo u publizéieren Jagger a Co. um eegene Bandlabel - dee mat der berühmter Zong.

  • The Dark Side of The Moon - Pink Floyd

    Money, Time, Us & Them, The Great Gig In The Sky: u Klassiker feelt et net um 8. Album vu Pink Floyd.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen