New Cotton Club

Manuel Ribeiro

De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.

From Gloria Lynn to Wynton Marsalis

D'Gloria Lynn war eng Jazzikon an den USA an huet sech um deemolege Pop, Jazz a Cross-Over erugetraut. Haut gëllt beispillsweis de Wynton Marsalis als en absoluten Jazzguru an der Klassik, Big Band wéi och am echten Jazz. De Manuel Ribeiro presentéiert dës Museker an anerer.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen