New Cotton Club

Manuel Ribeiro

De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.

From Gloria Lynn to Wynton Marsalis

D'Gloria Lynn war eng Jazzikon an den USA an huet sech um deemolege Pop, Jazz a Cross-Over erugetraut. Haut gëllt beispillsweis de Wynton Marsalis als en absoluten Jazzguru an der Klassik, Big Band wéi och am echten Jazz. De Manuel Ribeiro presentéiert dës Museker an anerer.

 

Rezent Emissiounen

  • The unforgettable Charles Aznavour

    Tribute un de Charles Aznavour am Duo mat verschiddenen Artisten

  • Mix - Easy Listening Jazz

    Theme mat arabeschem Flair wéi och Standarden

  • Tribute to Stefanie Boltz

    Sängerin, Komponistin, Bandleaderin, Concerts- a Festivalorganisatorin

  • Stéphanie Neigel

    Jazzvocals mat der Professerin fir Jazzgesank zu Freiburg an der Musekshéichschoul

  • Aktuell weiblech Jazzvocals

    Si heeschen Helen Schneider, Sarah McKenzie, Karen Souza, Shelby Lynne ... a feiere vill Erfolleg mat hiren doucen Jazzvocals.

  • Mix

    Swing, Balladen an easy listening Jazzvocals

  • Swing à Luxembourg

    Lëtzebuerger Jazzartisten am easy listening Jazz

  • Best Mix

    Easy listening Jazz, vu Balladen, Chanson hin zum Swing
     

  • Big Mix

    Franséisch, Däitsch an Englesch-sproocheg agreabel Jazzvocals

  • Best Male Vocals

    Gutt männlech Jazzvocals am Beräich easy Jazz listening

     

     

  • New Cotton Club

    Easy listening Jazz vu gëschter an haut.

  • A Woman and a Man

    Jazz-Standarden mat Museker vu gëschter an haut.

  • Big Names

    Frank Sinatra, Charles Aznavour, Dany Brillant, Paquito d'Rivera an anerer.

  • Eng Ladies Jazzvocals Selection

    Eng Selektioun vu weiblechen Jazzvocals vu gëschter an haut, mee net nëmmen.

  • Easy jazz listening mat arabic Sound

    D'pentatonesch Gamme fënnt een iwwerall, an der Weltmusek an am Jazz.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen