Musekstherapie fir Flüchtlingen
De physeschen, psycheschen an den emotionellen Equiliber nees hierzestellen an z'entwéckelen ass d'Zil vun der Musekstherapie. D'Gesellschaft fir Musiktherapie zu Lëtzebuerg gouf 2004 gegrënnt. Op der nächster Generalversammlung wëllt e sech nei Statute ginn. Nach ëmmer ass de Beruff vum Musekstherapeut net unerkannt an deemno och net geschützt.