Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Henri Juda

Mitten unter uns - die Schicksalsgeschichte der Familie Juda

A sengem Virtrag versicht den Iechternacher Henri Juda, dës fatal Joren um Beispill vu senger Familljegeschicht ze beliichten. Während seng zwou Groussmammen dem Holocaust zum Affer gefall sinn, hat seng Mamm Ausschwitz iwwerlieft. Säi Papp konnt während de Krichsjore bei enger couragéierter Bauerefamill zu Beefort verstoppt ginn.

Mir héieren erstaunlech Geschichte, vum Wirtschaftlechem Opstig, Feindschaften a Verrot, Ausgrenzung, Verdreiwung, Deportatioun an Ermordung, souwéi dem Versuch an der Nokrichs- Gesellschaft een neit Liewen opzebauen, an der Reconciliatioun an am Vergiessen, wou och d'Verdrängen am Mëttelpunkt stoungen. De Virtrag vum Henri Juda soll net ukloen, mä och bewosst, onbequeme Froen net aus dem Wee goen. 

Verschafft gouf de Virtrag vum Carlo Link.

Den Henri Juda bei sengem Virtrag den 20. Februar am Trifolion zu Iechternach, © Willy Speicher

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen