Invité am Moies-Magazin

De Manuel Ribeiro am Gespréich mam Shlomit Butbul

Shlomit Butbul am Land fir zwee Eventer

De Freideg, 23. Februar 2018, trëtt d'Shlomit Butbul mat der Pianistin Amina Figarova a Band am CAPE zu Ettelbréck op. De Freideg, 2. Mäerz 2018 ass d'Shlomit Butbul mam musikaleschen Theater "Es ist was es ist" am Trifolion zu Iechternach ze gesinn.

De Manuel Ribeiro huet d'Sängerin a Schauspillerin Shlomit Butbul, déi laang zu Lëtzebuerg gelieft huet (Jazzclub Inoui Réiden) an de Studio agelueden, fir iwwert dës zwee Projeten ze schwätzen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen