De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.
New Cotton Club
Viktoria Tolstoy - Live
An der Famill Tolstoy schéngt Konscht eng Traditioun ze sinn. Der Sängerin Viktoria Tolstoy hiren Urgrousspapp war de legendäre russeschen Nationaldichter Leo Tolstoy. Scho ganz jonk huet si hire Wee duerch d'Stockholmer Jazzclibb gemaacht a mat féierende schwedeschen Jazziste wéi dem Svante Thuresson gespillt. 1994, am Alter vun 20 Joer, huet si dunn hiren éischten Album opgeholl.
De Manuel Ribeiro proposéiert e Live-Matschnëtt aus dem Ever Wharf um Timmendorfer Strand, opgeholl vum Norddeutschen Rundfunk de 24. Juni 2017.
Rezent Emissiounen
-
Special Al Jarreau
De Meeschter vum Jazzvocal ass de Sonndeg 12. Februar 2017 gestuerwen.
-
Marilyn Monroe to Salvatore Adamo
Och déi bekannten Hollywood-Ikon Marilyn Monroe oder de belsche Chansonnier Salvatore Adamo hunn Jazzfaarwen a verschiddene vun hire Lidder.
-
Brazil
D'Thema Sonn, Strand, Samba a Bossa Nova. Mir reesen a Brasilien!
-
Ella Fitzgerald (1917-1996)
"I’ve Got a Crush on You", "Cheek to Cheek"," Sophisticated Lady", "Mood Indigo, These Foolish Things" an aner Titelen
-
Dinah Washington 1924-1963
D'Golden Lady of Jazz mat ë.a. den Titelen: "What a Difference a Day Makes, "Cry Me a River", "Come Home", "Call Me Irresponsible"
-
Sarah Vaughan 1924-1990
Eng vun de Golden Lady of Jazz
-
Nina Simone 1933-2003
Bekannten Titele vun der "Golden Lady of Jazz" sinn ënner anerem: "My baby just cares for me", "He needs me", "The other woman", "Cotton-eyed Joe" ...
-
Billie Holiday 1915-1959
D'Lady Day, Golden Lady of Jazz
-
Swing Nummeren a Standarde fir Chrëschtdag
Chrëschtlidder aus Europa an den US, selbstverständlech verjazzt!
-
From Diane Reeves to Supertramp
Jazz ass iwwerall, och am Rock vu Supertramp.
-
Tribute to Old Broadway
D'gëllen Ära vun den US-amerikanesche Musicals
-
From Billie Holiday to Paul Fox Collective
Lëtzebuerger Jazzmuseker mee och Internationaler
-
Jazzvocals vu gëschter an haut
Jazzstandarden an och nei Kompositiounen
-
From Barry White to Norah Jones
Swing, Funk an Jazz Standarden
-
Forgotten Voices
Vergiessen oder onbekannte Stëmmen.
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen