New Cotton Club

Manuel Ribeiro

De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.

Viktora Tolstoy (c) Gregor Hohenberg

Viktoria Tolstoy - Live

An der Famill Tolstoy schéngt Konscht eng Traditioun ze sinn. Der Sängerin Viktoria Tolstoy hiren Urgrousspapp war de legendäre russeschen Nationaldichter Leo Tolstoy. Scho ganz jonk huet si hire Wee duerch d'Stockholmer Jazzclibb gemaacht a mat féierende schwedeschen Jazziste wéi dem Svante Thuresson gespillt. 1994, am Alter vun 20 Joer, huet si dunn hiren éischten Album opgeholl.

De Manuel Ribeiro proposéiert e Live-Matschnëtt aus dem Ever Wharf um Timmendorfer Strand, opgeholl vum Norddeutschen Rundfunk de 24. Juni 2017.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen