De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.
New Cotton Club
Viktoria Tolstoy - Live
An der Famill Tolstoy schéngt Konscht eng Traditioun ze sinn. Der Sängerin Viktoria Tolstoy hiren Urgrousspapp war de legendäre russeschen Nationaldichter Leo Tolstoy. Scho ganz jonk huet si hire Wee duerch d'Stockholmer Jazzclibb gemaacht a mat féierende schwedeschen Jazziste wéi dem Svante Thuresson gespillt. 1994, am Alter vun 20 Joer, huet si dunn hiren éischten Album opgeholl.
De Manuel Ribeiro proposéiert e Live-Matschnëtt aus dem Ever Wharf um Timmendorfer Strand, opgeholl vum Norddeutschen Rundfunk de 24. Juni 2017.
Rezent Emissiounen
-
Tribute to Canada
Kanadesch Museker.
-
Tribute to french Artists
Franséisch Museker mat Jazz oder Jazzinfluenzen, am Pop, Chanson oder Musical.
-
Tribute to Michel Legrand
Ee vun deene bekanntste Jazzmen aus Frankräich
-
Dany Brillant
Franséische Schauspiller a Sänger mat Big Band
-
Thema Frankräich: Charles Aznavour
Tribute un de Charles Aznavour am Duo mat verschidden Artisten
-
From Sinatra to Krall
Standarde vun gëschter! Artiste vu gëschter, mä och vun haut
-
From Gene Kelly to Michael Bublé
Jazz Standarden mam Al Jarreau, Michal Bublé, Rigmor Gustafson, Charles Trenet, Bing Crosby an Aneres.
-
Liichten Jazz ...
... Vu gëschter an haut op Englesch, Franséisch a Portugisesch
-
From Elvis Costello to Anne-Sofie von Otter
Sänger aus der franséischer Chanson, mee och aus der Klassik, interesséiere sech fir de liichten Jazz.
-
Sonny Rollins to Roger Cicero
Sophie Milman, Térez Montcalm, Mel Tormé, Lena Horne, Roger Cicero, Sonny Rollins an Anerer
-
From Henri Salvador to Josefine Cronholm
Easy listening Jazz, Standarden, mee och Jazz gemëscht zu franséischer Chanson a Songwriting.
-
From Frank Sinatra to Paulo Conte
Klassiker mam Sinatra, Italienesches vum Paulo Conte bei Aktuelles mat der Madeleine Peyroux.
-
From Bob Mintzer to Ariana Savalas
Big Band Standarden an och Newcomer an der Jazzvocals-Zeen
-
Jazzvocals, Jazzrock & Songwriting
Musek aus dem liichten Jazz a Rockjazz hinn zum Songwriting.
-
Big Band & Easy Jazz
From Glenn Miller to Puppini Sisters.
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Media & Me: Backstage bei Medienberufen
Bewerbungsphase für Projekt zur Medienausbildung 2019 gestartet
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen