Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Philippe Hansen, Anne Georges, Marc Clement

Lait russe

De Philippe Hansen proposéiert diversifiéiert Musek aus der nationaler an internationaler Indie-, Pop- a Rockzeen.

Um Titeltrack vu Sunny Day Real Estate hirem drëtten Album fënnt een d'Band ouni Angscht virum Dräivéierelstakt an enger Musek erëm, déi dee Genre deen d'Band matgegrënnt huet, ëm villes iwwertrëfft. Dem Marc Clement säin Twenty/Twenty kléngt direkt a réi. Et sinn Emotioun mat Stëmm, Gittar, Bass a Batterie. Dat ass villes méi, wéi nëmmen Emo.

Dem Anne Georges säi Coup-de-Coeur ass e Mix aus verschiddene Stëmmen a Genren. Mountains Of Gold mam Sampha, Ibeyi, Wiki an dem Kamasi Washington huet fett Beats a pertinent Lyrics. Genee dem Anne senges an eng Garantie fir e rhythméierte Weekend.

Nieft dem Concertstipp lafen déi bescht nei Indie Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vum Jacob Bellens, Muffin, Jonz, Jangle Town, Franz Ferdinand a Ghost Of You.

Albumen, déi knapps eraus sinn: "Permafrost", déi nei Scheif vum Denis Rivet a Closer To Stranger vum Ilyas Ahmed.

Rezent Emissiounen

  • Bizzeria di Filippo

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Don't skip the Biz!

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Fiederschwaarzen

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Mumbo Jumbo

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Lait russe

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Banana Musa Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Frësch fir tëscht d'Oueren!

    Déi nei Sortien déi am Laf vun der Woch an der radio 100,7 Musekredaktioun agetraff sinn ...

  • Bi-Ba-Beatsemann

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Veggie Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Blue Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Oval Office Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Rainy Beats

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, dem Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Spezial Best of 2017 N°2

    Mat deene beschten neie Stécker vun 2017 mat Invitéen, Kaddo-Tippen a Coup de Coeuren

  • Spezial Best of 2017 N°1

    Mat deene beschten neie Stécker vun 2017 mat Invitéen, Kaddo-Tippen a Coup de Coeuren

  • Beats de Hommard

    Mat deene beschten neie Stécker aus der leschter Woch, mat Invitéen, Kaddo-Tippen a Coup de Coeuren

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen