Kee Glas ze vill
Mam Ufank vun der Fuesent huet de Gesondheetsministère d'Campagne "Manner Alkohol, méi Spaass. Kee Glas ze vill!" lancéiert. Viséiert sinn à priori déi Jonk. Si solle sensibiliséiert ginn, Alkohol a Moossen ze konsuméieren. Hei am Land drénken déi Jonk am Alter vu knapps 16 Joer déi éischte Kéier Alkohol. Zil vun der Campagne ass net, den Alkohol ze verbidden, mä de responsabelen Ëmgang domat ze propagéieren.