ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Homosexualitéit: Witz an Tabu

De Geck mat der Homosexualitéit maachen - en Zeechen, datt eis Gesellschaft méi e relaxen Ëmgang domat fonnt huet? Oder en Ausdrock dovun, datt ee se ëmmer nach als Tabu versteet? Den historesche Réckbléck vun der Zäithistorikerin Renée Wagener op de rechtlechen Ëmgang mat der Homosexualitéit zu Lëtzebuerg proposéiert Äntwerten op dës Fro.

Rezent Emissiounen

  • Staatsminister sicht Biograph

    "Als Staatsmann hätte er einen der größten Posten des Auslandes in Würde und Sachkenntnis bekleiden können." Dat schreift eng Lëtzebuerger Wochenzäitschrëft iwwert e Lëtzebuerger Politiker, deem seng Persoun eng Legend ass mee säin historesch Wierken nach ze entdecke bleift.

  • Vill Affer mee kee Schëllegen

    An senger Chronik setzt den Zäithistoriker Denis Scuto sech dës Kéier ausernee mat der zäitgenëssescher an der haideger Duerstellung vu Bombardementer op d'Stad Lëtzebuerg am Oktober 1915.

  • Sozialgeschichtlech Amnesie am Marienland

    Leschte Sonndeg war zu Kayl déi 30. Oplag vum internationale Biergaarbechterdag, a Präsenz vum Groussherzog, vum Chamberpräsident a vum Inneminister. Den Zäithistoriker Denis Scuto profitéiert dovun fir d'Geschicht vum Monument an d'selektiv Erënnerung zur Lëtzebuerger Sozialgeschicht ënnert d'Lupp ze huelen. 
     

  • Europa delenda est?

    “Geschichte als je und je gegenwärtiges Nachdenken über Vergangenes ist ein besonderer Umgang mit der gegenwärtigen Situation, in der wir leben und in der wir uns orientieren wollen". Dem Geschichtsdidaktiker Klaus Bergmann seng Definitioun vu Geschicht weist op den Zesummenhang tëscht Vergangenheet a Géigewaart hinn. Den Zäithistoriker Denis Scuto weist um Beispill vun Theorien zum Niddergang vu Roum, wéi sech haut net nëmmen iwwer Vergaangenes orientéiert gëtt, mee och ëmmer nees versicht gëtt mat, historesche Beispiller aktuell politesch Theorien ze stäipen. 
     

  • Wann den Aarmut un d'Dier klappt, spréngt d'Léift zur Fënster eraus

    D'Summerlach gouf 2015 dominéiert zu Lëtzebuerg vun Noriichten ronderëm zwou Gruppe vu Mënschen, déi haut wéi fréier vun der Mehrheitsgesellschaft ausgeschloss ginn: Flüchtlingen an Heescherten. Den Zäithistoriker Denis Scuto versicht d'Polemik ronderëm d'Heescherten an eng historesch Perspektiv anzereihen.

  • De Referendum an d'Natioun

    "Un mot, pour tout dire, domine et illumine nos études: comprendre". Dat huet de Mediéviste Marc Bloch den Historiker mat op de Wee ginn. An hinnen dovun ofgeroden, Riichter ze spillen a mat Wäertuerteeler ronderëm sech ze geheien. Esou eng Approche kéint och hëllefen, Enjeuen an Ausgang vum Referendum besser ze verstoen, mengt den Zäithistoriker Denis Scuto. 

  • 1919: Den anere Referendum

    Fir de franséischen Historiker Paul Veyne ass Geschicht eng Rees an dat Anert. Déi verlaangt datt mer aus eis erausginn. Fir aner Zäiten, aner Mënschen ze verstoen. Amplaz datt mer vun der Vergaangenheet erwaarden, dat se eis an eisen Iwwerzeegungen, Denkweisen, eise Grenze bestätegt. Esou ginn et zum Beispill Referenden, déi eis an eng aner Zäit versetzen. 

  • 70 Joer a keen Ufank?

    A puncto Kommemoratioun vum Zweete Weltkrich erliewe mer zur Zäit eng interessant Entwécklung. 70 Joer Befreiung vu Lëtzebuerg, 70 Joer Retour vun der Grande-Duchesse, 70 Joer Enn vum Krich an Europa. Mee hat dee Krich keen Ufank? De 75. Joresdag vun der däitscher Invasioun, den 10. Mee 1940, gëtt op jidde Fall net offiziell kommemoréiert. Den Zäithistoriker Denis Scuto geet der Fro no firwat.

  • Walrecht

    Am Virfeld vum Referendum de 7. Juni war d’Zäithistorikerin Renée Wagner den Entwécklungen vum Walrecht nogaangen. Am zweeten Deel freet si, firwat 1919 just Fraen an Männer mat Lëtzebuerger Nationalitéit d’Walrecht kruten. 

  • D'’Realitéit vum Zensuswahlrecht

    Am Virfeld vum Referendum de 7. Juni huet d’Zäithistorikerin Renée Wagner am Abrëll e puer Iwwerleeungen ëm de Prinzip vun der Gläichheet an d’Realitéit vum Zensuswahlrecht gemaach an ass den Entwécklunge vum Walrecht no gaang. An engem éischten Deel beliicht si, wat aus dem Prinzip vun der Gläichheet am 19. Joerhonnert gouf.

  • Impulser

  • "Bedaueren, jo. Mee keng kollektiv Entschëllegung!"

    An engem Lieserbréif huet de fréiere Schoulmeeschter, Regierungsrot an Auteur Lex Roth Stellung geholl zum Bericht vum Vincent Artuso zur Kollaboratioun vum Lëtzebuerger Staat mam Nazi-Okkupant am Kader vun der Juddeverfolgung. Seng Konklusioun ass kloer: "Bedaueren, jo. Mee keng kollektiv Entschëllegung!" An de Monni Lex erzielt eis anengems seng Geschicht vun de gudde Lëtzebuerger an de béise Franzousen a Belsch. 

  • Eng bedenklech Traditioun

    D'Natioun ass a Gefor, dofir lauschtert op d'CGFP, esou hat den Denis Scuto seng Reflexiounen am Virfeld vum Referendum iwwerschriwwen.
    D’Parteien hate sech gréisstendeels verflicht, eng sachlech a fair Informatiounscampagne fir de Referendum vum 7. Juni ze féieren. Eng Gewerkschaft, d'CGFP, hat awer den Däiwel un d'Wand gemoolt an déi national Communautéit a Gefor gesinn. Dat ass net nei, mee huet hei zu Lëtzebuerg Traditioun, esou den Zäithistoriker Denis Scuto, an et ass eng bedenklech Traditioun.
     

  • Den Zäithistoriker

  • Den Zäithistoriker

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen