Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.
ZäithistorikerIn
Homosexualitéit: Witz an Tabu
De Geck mat der Homosexualitéit maachen - en Zeechen, datt eis Gesellschaft méi e relaxen Ëmgang domat fonnt huet? Oder en Ausdrock dovun, datt ee se ëmmer nach als Tabu versteet? Den historesche Réckbléck vun der Zäithistorikerin Renée Wagener op de rechtlechen Ëmgang mat der Homosexualitéit zu Lëtzebuerg proposéiert Äntwerten op dës Fro.
Rezent Emissiounen
-
D'Fangeren ewech vum Index
Déi nächst Indextranche soll am éischten Trimester 2017 falen. Méi wéi dräi Joer no der leschter. Den Zäithistoriker geet op d'Geschicht vun dëser sozialer Conquête an.
-
E Joer voller Iwwerraschungen
De Brexit an d'Wahl vum Donald Trump. Wahlresultater si gefall, déi keen erwaart huet.
-
"do huet dann dack e Lämmche mer Läif a Séil gelooss."
Déi Verse vum Michel Rodange illustréieren, wéi an der Vergaangenheet an och nach haut d’Kierch mat sexuellen Iwwergrëffer vun hiren Gottesdénger ëmgeet.
-
Bon gouvernement?
Vum Scheitere vum europäesche Verfassungskonvent bis zur CETA-Debatt: Den Ëmgang vun den europäesche Responsabelen mat der Demokratie.
-
Trumpland
Den Denis Scuto erënnert sech un de Schock vun November 1980, wou e Leinwandheld mam Slogan "Let's make America great again." amerikanesche President gouf.
-
Baru, Goscinny, Pratt & Co.
D'Wanderausstellung "Bande dessinée et immigrations: Un siècle d’histoire(s)": d'Geschicht vun der Immigratioun am Bassin Minier.
-
75 Joer Ufank vun de Juddendeportatiounen
Wat ware während dem Zweete Weltkrich d'Spillräim, fir sech géint d'Juddeverfolgungspolitik vum Nazi-Regime ze wieren?
-
D'Mémoire vun der Shoah
E weidert komplext Fuerschungsfeld
-
Hierscht 1991: en Non-Lieu de Mémoire
Anescht wéi de Fall vun der Mauer fir d'Opléisung vun der DDR steet, gouf et bei där vun der Sowjetunioun kee sou e symbolesche Moment.
-
Vu Verännerungen, Erausfuerderungen a Schäirezepter
Lëtzebuerg huet sech staark verännert zënter 30 Joer, net nëmmen wat de Sproochgebrauch betrëfft. Aner Saache prägen d'Land zënter Joerhonnerten.
-
Wann d'Gesellschaft ausleeft...
"Liquid fear", war den Titel vun engem Buch, dat de polnesch-britesche Soziolog Zygmunt Bauman virun 10 Joer erausginn huet.
-
Gebuertsdeeg an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Gewerkschaftsbewegung
Gebuertsdeeg musse gefeiert ginn. Mä wat am private Liewen evident schéngt, wërft an anere Beräicher komplex an interessant Froen op.
-
D'Welt vu gëschter
Mat der Ausstellung "De Kale Krich zu Lëtzebuerg" geet den Nationalmusée nei Weeër.
-
Europe divided and undivided
Iwwert de Schock vum Brexit-Vote eraus lount sech e Bléck an déi laang Virgeschicht vun dësem Evenement.
-
Supporter, Ultras, Hooligans
Hooliganismus a Supporterismus am grousse Ganze si gesellschaftlech Phänomener, déi méi genee misste studéiert ginn.
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Invité am Moies-Magazin - Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd
-
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Sequenza - Déi éischt Musikerin op der Accademia Filarmonica di Bologna
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen