Eng infizéiert Welt

Virun 100 Joer ass déi Spuenesch Gripp ausgebrach an ass zu enger Pandemie ausgeaart. Millioune Leit si weltwäit dru gestuerwen. D'Massegraf vum Éischte Weltkrich war just zougeschott, dunn ass déi makaber Krankheet nogezunn. Mä si war net déi eenzeg grouss Infektiounswell, déi d'Tëschekrichszäit sollt markéieren.

Virun der Spuenescher Grippe vun 1918

D'Spuenesch Grippe vun 1918 huet an zwee Joer wahrscheinlech dräimol esou vill Affer gefuerdert wéi de ganzen Éischte Weltkrich. Wéi d'Grippë-Pandemie vun 1918 ausgebrach ass wousst nach ëmmer keen, wat dann elo den Erreeger wier. Eréischt 1930 konnt fir d'éischte Kéier en Influenzavirus isoléiert ginn. De Christian Mosar iwwert d'Virgeschicht vun der Spuenescher Grippe.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen