Juegd op Genen

Wëssen ass Muecht a kann, wann et an déi falsch Hänn geréit, vill Schued uriichten. Eng traureg Wourecht, déi och op d'Geschicht vun der Genetik zoutrëfft. Wéi konnt et vun der simpler Beobachtung, datt d'Kanner hiren Eltere gläichen, iwwert Kräizungsexperimenter mat Ierbessen zu enger sougenannter Ierfgesondheetsléier kommen, duerch déi d'Ausgrenzung an den Doud vun all deenen, déi net an ee gewëssent Mënschebild gepasst hunn, legitiméiert ginn ass? 

Codenumm T4 - Euthanasie am Zweete Weltkrich

De 14. September 1935 riicht den Adolph Hitler sech an enger Ried un d'Hitlerjugend. Flénk wéi Wandhënn, zéi wéi Lieder a staark wéi Kruppstol sollt déi däitsch Jugend sinn. Fir all déi, egal ob jonk oder al, déi net dësem Ideal entspriechen, huet sech den Hitler e besonnesch perfide Plang ausgeduecht. Hannergrënn vum Sophie Thoma.

Rezent Emissiounen

  • Genfuerschung: Eng Dous vun der Pandora?

    Esou villfälteg d'Méiglechkeete vun der Genfuerschung sinn, esou dacks erweise si sech als problematesch géigeniwwer fundamentalen ethesche Prinzipien.

  • Codenumm T4 - Euthanasie am Zweete Weltkrich

    Fir all déi, egal ob jonk oder al, déi net dem Ideal entsprach hunn, hat sech den Hitler e besonnesch perfide Plang ausgeduecht.

  • De Sozialdarwinismus als Prämiss fir d'Eugenik

    Iwwerdréit een dem Darwin seng Evolutiounstheorie op déi mënschlech Gesellschaft, kann d'Entwécklung vun dëser an de soziale Verhältnisser als Existenzkampf verstane ginn.

  • Een Augustinerpater a seng Ierbessen

    An engem Klouschtergaart zu Brünn entdeckt de jonken Augustinerpater Gregor Mendel d´Regele vun der Verierwung a leet domat de Grondstee fir déi modern Genetik.

  • Dem Liewen op der Spur

    Wéi hunn d'Mënsche sech zënter dem Altertum erkläert, datt ëmmer erëm Liewen nei entsteet? Wéi eng Explikatiounen a Weltbiller hu matenee konkurréiert?

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen