Invité am Moies-Magazin

Kristel Pairoux

Kristel Pairoux - Salon du livre

Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller vun alle Kontinenter sinn agelueden hir Literatur an den Ausstellungshalen um Kierchbierg virzestellen. D'Kristel Pairoux vum CLAE schwätzt iwwert de Salon, d'Iddi vun der Presentatioun vun internationalen Auteuren an Autorinnen an iwwert de Programm vum Festival. Duerch d'Gespréich féiert d'Valerija Berdi.

Rezent Emissiounen

  • Henri Knuppertz, President vun der Koler Bierger a.s.b.l.

    Aus der Schnapsiddi, grad an engem klengen Duerf wéi Koler e Kino ze bauen, ass Realitéit ginn.

  • Madeleine Kayser

    Chef du Service Intégration et Besoins Spécifiques bei der Stad Lëtzebuerg

  • Sandy Kubaj

    Welt-AIDS Dag: Direktesch vun der HIV-Berodung vun der Croix-Rouge iwwer d'Situatioun am Land, Präventioun a Sensibiliséierung

  • Jacques Vriens

    "Auch wenn sie noch nicht lesen können, wissen sie: die schwarzen Zeichen sind eine Geschichte", seet dee bedeitenden zäitgenëssesche Kanner- a Jugendbuchauteuren aus Holland.

  • Barbara Gorges-Wagner

    Kampagne BOD vum Kanner- a Jugendtelefon 116111
     

  • Ursula Krechel

    Déi däitsch Schrëftstellerin liest den Owend am Institut Pierre Werner aus hirem Joerhonnertroman "Geisterbahn".

  • Raymond Aendekerk

    Den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg iwwer d'Beweegung "Sing for the climate" - den 2. Dezember am Neimënster

  • Karin Kremer

    13 Joer an 3 Méint war si Directrice vum Kulturhaus Miersch. Den 31. Dezember ass de leschte Schaffdag an dono geet si a Pensioun.

  • Marc Theisen

    Mam President vum Club Spillfabrik geet rieds ë. a. iwwer d'"Playgirls & Gameboys", dee Rendez-vous fir jiddwer Spillsüchtegen an de Rotonden.

  • Dr. Felix Wildschütz an Dr. Martine Debacker

    Antibiotiques Tirons la sonnette d'alarme. Eng Kampagne fir de korrekte Gebrauch vun Antibiotiken.

  • Pierre Fattebene

    Zanter dem 9 November gëtt ewell schonn zu London d'Schachweltmeeschterschaft gespillt an dat tëscht dem aktuelle Weltmeeschter dem 28 Järege Magnus Carlsen aus Norwegen an dem Challenger dem 26 Joer jonken Italo-Amerikaner Fabiano Caruana. No 9 Partien steet tëscht béiden Schachspiller den Ament 4,5 op 4,5 gläich. Schach ass de Sujet beim Jean Claude Majerus sengem Invité am Moiemagasin, dem President vun der Lëtzebuerger Schachfédératioun Pierre Fattebene.

  • Anne-Marie Millim

    D'Fuerscherin huet dräi Joer de Fokus op d'"Abreisskalender" vum Batty Weber 1913-40 geluecht a mat anere Fuerscher 2017 d'Wierk "Batty Weber Werk und Wirkung" erausginn.

  • Jhemp Hoscheit

    "Perl oder Pica" aus dem Joer 1998, dann "Aacht Deeg an der Woch" aus dem Joer 2006 an elo 2018 "Wootleche Krich". Dräi Romaner, een Auteur.

  • Charles Bauer

    Eng Kollektioun vun iwwer 16.000 BDen - natierlech och original Mickey Mousen

  • Professer Thomas Sauter

    De Studiendirekter vun der Uni Lëtzebuerg iwwer déi nei international Master-Studien an der Bio-Medizin

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen