Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Ass kontrolléierte Wuesstem iwwerhaapt méiglech?

100 000 Awunner méi bannent siwe Joer, nei Aarbechtsplazen, Wunnengsnout, Verkéiersstau an Drock op d'Natur si Konsequenze vum Wuesstem. Kann een esou eng rasant Entwécklung iwwerhaapt steieren?
Den Nohaltegkeetsministère wëllt zesumme mat de Bierger d'Land gestalten. Mä wéi eng Landesplanung ass iwwerhaapt realistesch? A kann dobäi den allgemengen Interessi wierklech iwwert de villen individuellen Interête stoen?

Iwwert déi Froen diskutéiere mir mam Frank Vansteenkiste, Coordinateur général am Landesplanungsministère a mam Francis Schartz, President vum Nohaltegkeetsrot.
Moderatioun: Carole Schimmer

Rezent Emissiounen

  • Jean Asselborn

    Zanter 14 Joer ass hie Lëtzebuerger Ausseminister. Mam déngschteelsten europäesche Chefdiplomat geet rieds iwwer déi aktuell aussepolitesch Dossieren.

  • Herwig Hofmann

    Am Gespréich mam Droits-Professer vun der Uni Lëtzebuerg geet et ëm Daten- a Verbraucherschutz am digitalen Zäitalter.

  • René Winkin (FEDIL)

    Mam FEDIL-Direkter René Winkin schwätze mir iwwert d'Zukunft vun der Industrie an iwwert d'Erwaardunge vun der Fedératioun un d'Politik.

  • Carole Dieschbourg

    D'Ëmweltministesch erkläert, firwat si méi reservéiert ass, datt griichesche Jughurt an däitsch Steewoll deemnächst zu Lëtzebuerg solle produzéiert ginn.

  • Francine Closener

    Den Tourismus zu Lëtzebuerg, d'Nation Branding Strategie, d'Entwécklung vum Handwierk a vun den Industriezone sinn d'Sujeten am Gespréich mat der Staatssekretärin.

  • Nom "Chamberleak": Cybersecurity an Dateschutz zu Lëtzebuerg

    Invitéë sinn de Gilles Feith (Direkter vum CTIE), de Pascal Steichen (SMILE), de Christophe Buschmann (CNPD) an de Carlo Harpes (Consultant). 

  • Wéi eng Perspektive fir vulnerabel Jugendlecher?

    Invitéë sinn de Psycholog Jan Kossack vun der AFP, d'Valérie Dupong, Affekotin fir Familljen- a Jugendrecht an de Ralph Schroeder, Direkter vum Centre socio-éducatif Dräibur.

  • Ass kontrolléierte Wuesstem iwwerhaapt méiglech?

    Et diskutéieren: Frank Vansteenkiste, Coordinateur général am Landesplanungsministère a Francis Schartz, President vum Nohaltegkeetsrot.

  • Wéi eng Filmer fir de Luxfilmfest?

    Et diskutéieren: Colette Flesch, Presidentin vum C.A. vum Luxfilmfest, Alexis Juncosa, Directeur artistique a de Govinda van Maele, Regisseur a Produzent vu "Gutland"

  • Michel Wolter

    Fir d'éischt Minister, duerno Fraktiounspresident, an elo einfachen Deputéierten a Buergermeeschter: klassesch Carrièrë verlafe genee ëmgedréint.

  • Zäsur an der Festivalzeen

    D'Ursaachen an d'Konsquenze vun der Opléisung vu Luxfestival: Et diskutéieren: Guy Engels (100,7); Remy Franck (pizzicato.lu/100,7) an Thierry Hick (Lëtzebuerger Wort).

  • Den Auto: Luxus, Noutwendegkeet, Risiko?

    Iwwer 400.000 Autoë sinn zu Lëtzebuerg immatrikuléiert bei enger Populatioun vu ronn 591.000. Wat seet dat aus iwwert de Stellewäert vum Auto zu Lëtzebuerg?

  • D'Bezéiungen tëschent Fraen a Männer

    Zënter Méint protestéiere Frae via déi sozial Netzwierker géint sexuell Iwwergrëffer. Wat seet dat aus iwwert d'Relatiounen tëschent Fraen a Männer?

  • Ben Fayot

    Engagement, eng Biergerflicht? E Gespréich mam laangjäregen LSAP-Politiker, deen och an der politescher Pensioun en opmierksamen a kriteschen Observateur vun der Aktualitéit bleift.

  • Firwat Bauer ginn?

    Et diskutéieren den Agrarminister Fernand Etgen an de Jeff Schroeder vun der Bauerejugend.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen