Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Ass kontrolléierte Wuesstem iwwerhaapt méiglech?

100 000 Awunner méi bannent siwe Joer, nei Aarbechtsplazen, Wunnengsnout, Verkéiersstau an Drock op d'Natur si Konsequenze vum Wuesstem. Kann een esou eng rasant Entwécklung iwwerhaapt steieren?
Den Nohaltegkeetsministère wëllt zesumme mat de Bierger d'Land gestalten. Mä wéi eng Landesplanung ass iwwerhaapt realistesch? A kann dobäi den allgemengen Interessi wierklech iwwert de villen individuellen Interête stoen?

Iwwert déi Froen diskutéiere mir mam Frank Vansteenkiste, Coordinateur général am Landesplanungsministère a mam Francis Schartz, President vum Nohaltegkeetsrot.
Moderatioun: Carole Schimmer

Rezent Emissiounen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen