Blue Note

Manuel Ribeiro

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman, OPL a Vince Mendoza

Nodeems si am Lycée fir d'éischte Kéier an engem gemeinsamen Trio gespillt hunn, huet et de Pianist Michel Reis, de Kontrabassist Marc Demuth an de Batteur Paul Wiltgen jeeweils an eng aner Richtung gezu fir d'Studien. Trotzdem hu si sech zéng Joer dono erëm zu Lëtzebuerg erëmfonnt, hiren Trio nees opliewe gelooss a mëttlerweil gehéiere si zu der Spëtz vum Lëtzebuerger Jazz. Iergendwou tëscht subtile Grooves, melancholescher Melodik, engem organeschen Interplay tëscht dräi Museker mat staarker Stëmm an energetesche Klang-Konstruktiounen forgéiert sech iwwert d'Joren ëmmer méi e Sound mat absolutem Erëmerkennungswäert. De Michel Reis an de Paul Wiltgen schwätzen iwwert déi nächst Etappen, zu deenen ënnert anerem eng Tour mam Joshua Redman an en neien Album gehéieren. Een Highlight ass de Concert dëse 16. Mäerz an der Philharmonie. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen