De Pit Dahm an de Pol Belardi wulle ganz déif an den Jazzarchiven a presentéiere munch ongeschlaffen Diamanten. Vill Museker hunn Opnamen an Diske gemaach, déi am Schied vun hire grousse populären an incontournabele Produktiounen iwwersi goufen. Oder et si Wierker vu Museker, déi aus diverse Grënn nieft hiren Zäitgenossen net déi Unerkennung kritt hunn, déi si eigentlech verdéngt hätten. A ville Fäll sinn dës verstoppte Schätz esouguer méi räichhalteg a raffinéiert wéi déi, déi et schlussendlech an de Palmarès vun de meescht verkaafte Produktioune gepackt hunn.
Hidden Jazz Gems
Derrick Hodge
Live Today heescht de Solo Album vum Bassist Derrick Hodge deen am Joër 2013 rauskoum. 14 Tracks déi queesch duerch de d' Stiler ginn mat Aflëss vun Neo-Soul, Jazz, Hip-Hop a Gospel. E gelongene Worf fir dëse Museker deen normalerweis am Hannergrond fir de Groove suergt. De Pit Dahm presentéiert an dëser Emissioun dëse Solo Projet dee leider net esou grouss erauskoum wéi een sech et hätt kënne wënschen.
Rezent Emissiounen
-
Oscar Peterson - Motions & Emotions
Beschtens encadréiert vum Claus Ogerman Orchestra, presentéiert den Oscar Peterson en Album, dee grad sou gefälleg, wéi och subtil arrangéiert ass.
-
Chet Baker Sings
Den Chet Baker, en Trompettist dee séngt oder e Sänger deen Trompett spillt? Ob dësem Album aus dem Joer 1954 ... béides!
-
Charles Mingus
Net nëmmen ee vun deene wichtegste Kontrabassisten a Komponisten an der Jazzgeschicht, mee och en gefillsvollen a kreative Pianist.
-
Oscar Pettiford
Dem Grousspapp vum modernen Jazz-Kontrabass säi Wierk als Leader ass och beandrockend.
-
Pablo Held
E jonken däitschen Jazz Pianist, dee sech an de leschte Joren en Numm gemaacht huet mat sengem Trio mam Jonas Burgwinkel op der Batterie an dem Robert Landfermann um Bass.
-
Nate Smith - Kinfolk: Postcards from everywhere
No enger faarweger Carrière als Sideman op der Batterie, säin éischten Projet als Leader
-
Kendrick Scott
E Batteur, deen an de leschte 15 Joer an der Jazzzeen vill fir de Mix vu verschiddene Stiler gemaacht huet.
-
Lennie Tristano
Ee vun den ënnerschätzen Jazz-Pianisten: Seng Approche zum Instrument war eenzegaarteg a virun allem säi Sënn fir melodesch Konstruktioun an Improvisatioun sinn onverkennbar.
-
FLY - Sky & Country
Den Trio FLY
-
Derrick Hodge
Als Sideman vu bekannte Museker wéi dem Terence Blanchard, Robert Glasper, Mos Def an nach villen Aneren gouf den Derrick Hodge bekannt an am Joer 2013 war et dunn un der Zäit fir e Solo Album erauszebréngen mam Titel "Live Today".
-
Herbie Hancock - Takin' Off
Dem Pianist säin éischten Album ënner eegener Leedung weist nach staark Hard-Bop-Zich op, kann awer trotzdeem duerch en erfrëschenden Drive a visionären Iddie punkten.
-
Nir Felder - Golden Age
Den Next Big Jazz Guitarist weist um Album "Golden Age" androcksvoll, datt hien eng staark Stëmm huet a méi ass, wéi just een exzellente Adept vun de sechs Säiten.
-
Anders Christensen
D'Legend um Kontrabass hat mat jonken onbekannte Museker eng richteg Pärel erausginn: den Album "AC-Trio".
-
Dave Pike
Ee vun de Museker, dee leider dacks vergiess gëtt, obwuel dësen aussergewéinleche Vibraphonist vill fir den Jazz gemaach huet.
-
John Escreet
E jonke britesche Pianist
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Invité am Moies-Magazin
-
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics - Amerika entdeckt déi symphonesch Musek
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen