Op Zéiwespëtzten
Et ass dat eng Krankheet, déi sech net am Virfeld manifestéiert: D'Insuffizienz vun der Nier. Ee vun zéng Erwuessener ass nierekrank. An d'Weltgesondheetsorganisatioun rechent en plus mat enger Augmentatioun vu 17 Prozent an den nächsten zéng Joer. Opklärung a Preventioun sinn hei primordial: Duerch eng gesond Liewensweis kann een de Risiko minimiséieren.