Invité am Moies-Magazin

Can Dündar by Ivo Mayr

Can Dündar an Henning Marmulla

Can Dündar. Über Zensur und Meinungsfreiheit. Den 21. Mäerz ass de mëttlerweil bekannte Journalist an Auteur Can Dündar op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an der Abtei Neimënster fir iwwer déi aktuell Entwécklungen an der Tierkei, säi perséinlechen Exil zu Berlin an den alldeegleche Kampf géint Ligen a falsch Behaaptungen ze schwätzen. Am Gespréich mat der Journalistin Caroline Mart hëlt de Can Dündar eleng mat der Rees a sengem Optrëtt beim IPW e Risiko op sech. Iwwer dëse Besuch an iwwer dem Can Dündar seng Siicht vun der Situatioun hu mir eis mam tierkesche Journalist am Virfeld ënnerhalen. Och am Studio ass den Henning Marmulla vum Institut Pierre Werner. Net ëmsoss ënnerläit dësen Owend vum 21. Mäerz strenge Sécherheetskontrollen, déi een och als interesséierten Nolauschterer soll beuechten.

 

 

Rezent Emissiounen

  • De Christof Weber

    De Fotograf ass a villen Domainer aktiv: fir de City Museum, fir d'Klierfer Cité de l'image an als fräischaffende Fotograf.

  • Mars Klein

    "Wat d'Hémecht war - Lëtzebuergesch Gedichter vun 1800 bis Haut", mat historesche Commentairë vum Mars Klein.

  • Paul Dostert

    Den Historiker ass President vum Institut Grand-Ducal de Luxembourg, deen Enn d'lescht Joer eng nei gesetzlech Basis krut.

  • Dr. Anne Liewert iwwert d'Büchersprechstunde

    D'Dezernentin vun den historesche Sammlungen an der Universitéits- a Landesbibliothéik vun der Universitéit Düsseldorf iwwert eng originell Iddi a verschiddene Bibliothéiken.

  • Rafael David Kohn

    Wéi kann een iwwer den Theater schwätzen? freet sech de fräischaffenden Auteur a Regisseur a senger "Rede vom Theater".

  • Carole Lorang

    D'Presidentin vun der Lëtzebuerger Theaterfederatioun ass déi nei Directrice vum Escher Theater.

  • Best Of Filmjoer 2017

    D'100,7 Filmkritiker loossen d'Filmjoer 2017 Revue passéieren.

  • De Guy Engels iwwert den Neijoerschconcert vu Wien

    Live-Retransmissioun vum Wiener Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker aus dem Musikverein e Méindeg kuerz no 11 Auer op der Antenn vum 100,7.

  • D'Karl Marx Joer 2018 zu Tréier

    Mat iwwert 200 Manifestatiounen invitéiert d'Stad Tréier 2018 op hiert Karl-Marx-Joer, dat am Kader vum Philosoph sengem 200. Gebuertsdag.

  • Valerija Berdi mat Luxemburgensia 2

    Der Nathalie Ronvaux hiert neit Buch "Subridere" an dem Rafael David Kohn säi schmuelt Band "Rede vom Theater" ginn zerpléckt.

  • Rosalie Maes

    De Jean-Claude Majerus am Gespréich mat der jonker Schauspillerin iwwer hire Parcours, hier Rollen an Bedeitung vum Theater zanter hirer Kandheet.

  • Valerija Berdi mat Luxemburgensia

    Haut beschwätze mir zwou Lëtzebuerger Publikatiounen: Ulrike Bail: "Die Empfindlichkeit der Libelle" a Cornel Meder: "Bimmermann".

  • Ralf Schnell - Biograph vum Heinrich Böll

    Zum 100. Gebuertsdag vum Heinrich Böll: E Gespréich mam Ralf Schnell iwwer seng Biographie "Heinrich Böll und die Deutschen"

  • Dan Tanson

    De Metteur en scéne, Poppespiller a Schauspiller ass en Artist,deen d'Kanneraen duerch seng Bühnespektakelen un glënnere kritt.

  • Anselme Pau

    Invité am Moiesmagasin beim Jean Claude Majerus ass haut de Komponist a Museker Anselme Pau.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Panorama

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen