
Can Dündar an Henning Marmulla
Can Dündar. Über Zensur und Meinungsfreiheit. Den 21. Mäerz ass de mëttlerweil bekannte Journalist an Auteur Can Dündar op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an der Abtei Neimënster fir iwwer déi aktuell Entwécklungen an der Tierkei, säi perséinlechen Exil zu Berlin an den alldeegleche Kampf géint Ligen a falsch Behaaptungen ze schwätzen. Am Gespréich mat der Journalistin Caroline Mart hëlt de Can Dündar eleng mat der Rees a sengem Optrëtt beim IPW e Risiko op sech. Iwwer dëse Besuch an iwwer dem Can Dündar seng Siicht vun der Situatioun hu mir eis mam tierkesche Journalist am Virfeld ënnerhalen. Och am Studio ass den Henning Marmulla vum Institut Pierre Werner. Net ëmsoss ënnerläit dësen Owend vum 21. Mäerz strenge Sécherheetskontrollen, déi een och als interesséierten Nolauschterer soll beuechten.