Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

Archetyp vum Grand Opéra

Hannergrond vum Giacomo Meyerbeer senger Oper "Le Prophète" ass d'Geschicht ronderëm eng Revolt zu Münster, no där de Jan van Leiden sech als Kinnek kréine léisst. Dat sougenannten "Täuferreich von Münster" war an den 1530er Jore gepräägt vun der radikaler Herrschaft vun den Anabaptisten, de Wiedertäufer, déi ënnert der Leedung vum Jan van Leiden an engem Klima vun Terror verwalt goufen. Oehms Classics huet e Live-Matschnëtt  mat den Essener Philharmoniker vun 2017 erausbruecht.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen