Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

„Reichsautobahn“ zwischen Wittlich-Dorf und Flußbach (Foto: Sammlung Reinhold Pip)

Bau der Reichsautobahn in der Eifel 1939-1941/42

Am Joer 1939 hunn d'Bauaarbechten un der Autobunn tëschent Koblenz an Tréier ugefaangen. Niewent däitschen Zaldoten haten d'Nazien auslännesch Zivilaarbechter, Krichsgefaangener a Prisonéier als Zwangsaarbechter agesat. Dës waren an ongeféier fofzeg Aarbechtslager internéiert. 1941, am Fréijoer, ass de Projet un d'Stoe komm, well déi meeschten Zwangsaarbechter an d'Rüstungsindustrie an an den Osten ofgezu goufen. D'Nazien haten op Uweisung vum Gauleiter Simon, fir deen dës Autobunn e Prestigeprojet war, elo verstäerkt Lëtzebuerger an d'Lager internéiert: Studenten, Beamten a Fräiberuffler, Prisonéier a Membere vun der Resistenz. 

Am August 1941 haten d'Nazien domat ugefaangen, d'Lëtzebuerger Judden am fréiere Klouschter zu Clairefontaine an enger Aart Ghetto z'isoléieren, fir d'éischt al a krank Leit. Parallel dozou goufen all aarbechtsfäeg Männer bis zum Alter vu 60 Joer fir d'Zwangsaarbecht erfaasst. 54 vun hinne goufe gezwongen an d'Autobunnlager Greimerath bei Wittlich ze goen. Hei hu si misste schwéiersten Aktivitéiten nogoen, ouni Aarbechtskleedung an Aarbechtsschong. Ënnert de jüddeschen Zwangsaarbechter waren och eng Rei Leit aus dem Iechternacher Raum: si waren hei gebuer, hei emigréiert, respektiv geflücht, oder haten hei Aarbecht fonnt.

E Virtrag vum 7. Mäerz an der Krypta vun der Iechternacher Basilika vum Wolfgang Schmitt-Koelzer, enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.

De Woflgang Schmitt-Koelzer (© Carlo Link), huet Politologie an Anglistik studéiert an an der berufflecher Bildung enseignéiert. Hien huet verschidde Bicher iwwer regional Geschichte aus dem Raum Manderscheid a Wittlich erausginn, ënnert anerem d'Buch: Bau der Reichsautobahn in der Eifel (1939-1941/42). Hien ass Member am Förderkreis vum Emil-Frank-Institut vun der Universitéit Tréier a bei Memoshoa Lëtzebuerg. 

 

Rezent Emissiounen

  • ForumZ - Who's afraid of the digital?

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

  • Lemminge, Schneeeulen und Eisbären

    Vom Leben in der Arktis im Griff des Klimawandels. Eng Konferenz vum Dr. Benoît Sittler de 6. November 2018 am Natur Musée am Gronn (MNHN).

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

  • Den Talk Radio Day am Mudam

    Zum Thema "Den Design als Lien tëschent Handwierk an Industrie" haten um Talk Radio Day am Mudam Kreativer interessant Aussoe gemaach.

  • ForumZ - Lost Memories of World War 1

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

  • D'Stolproduktioun zu Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich

    Am November 1918, viru genee 100 Joer, ass no véier Joer den éischten industrielle Krich vun der Mënschheetsgeschicht op en Enn gaangen.

  • Dem Buddha seng Ae gesinn alles

    An dräi Etappen duerch den Nepal. Eng Reportage aus dem Joer 1999 - mat Originaltéin an traditionneller Himalaya-Musek - vum Georges Hausemer.

  • Forum Z - Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg?

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

  • Quand les hôteliers adoptent l'Art déco

    Eng Konferenz am Kader vun der Ausstellung "Art déco au Luxembourg" am MNHA vun der Dr. Antoinette Lorang

  • L'Art déco - expression ornementale du modernisme

    Eng Konferenz am Kader vun der Ausstellung "Art déco au Luxembourg" am MNHA vum Dr. Robert L. Philippart

  • Yin a Yang | Feier a Waasser | Arthur Unger

    De Feier- a Waassermoler, erkläert ënnert anerem wéi hien d'Dualitéit duerch seng artistesch Entwécklung och fir seng Liewensweis entdeckt huet.

  • Archives et droits d'auteurs

    Ee Resumé vum aachten Archivdag den 1. Juni 2018 vun de Lëtzebuerger Archivisten (VLA) am Stater Kolléisch

  • Déi éischt Iechternacher Festspiller vun 1935

    E Virtrag vun der Germaine Goetzinger am Kader vu Judeum Epternacum - Erënnerungen un déi jüddesch Geschicht vun Iechternach.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen