Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.
Konferenzen

Bau der Reichsautobahn in der Eifel 1939-1941/42
Am Joer 1939 hunn d'Bauaarbechten un der Autobunn tëschent Koblenz an Tréier ugefaangen. Niewent däitschen Zaldoten haten d'Nazien auslännesch Zivilaarbechter, Krichsgefaangener a Prisonéier als Zwangsaarbechter agesat. Dës waren an ongeféier fofzeg Aarbechtslager internéiert. 1941, am Fréijoer, ass de Projet un d'Stoe komm, well déi meeschten Zwangsaarbechter an d'Rüstungsindustrie an an den Osten ofgezu goufen. D'Nazien haten op Uweisung vum Gauleiter Simon, fir deen dës Autobunn e Prestigeprojet war, elo verstäerkt Lëtzebuerger an d'Lager internéiert: Studenten, Beamten a Fräiberuffler, Prisonéier a Membere vun der Resistenz.
Am August 1941 haten d'Nazien domat ugefaangen, d'Lëtzebuerger Judden am fréiere Klouschter zu Clairefontaine an enger Aart Ghetto z'isoléieren, fir d'éischt al a krank Leit. Parallel dozou goufen all aarbechtsfäeg Männer bis zum Alter vu 60 Joer fir d'Zwangsaarbecht erfaasst. 54 vun hinne goufe gezwongen an d'Autobunnlager Greimerath bei Wittlich ze goen. Hei hu si misste schwéiersten Aktivitéiten nogoen, ouni Aarbechtskleedung an Aarbechtsschong. Ënnert de jüddeschen Zwangsaarbechter waren och eng Rei Leit aus dem Iechternacher Raum: si waren hei gebuer, hei emigréiert, respektiv geflücht, oder haten hei Aarbecht fonnt.
E Virtrag vum 7. Mäerz an der Krypta vun der Iechternacher Basilika vum Wolfgang Schmitt-Koelzer, enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.
De Woflgang Schmitt-Koelzer (© Carlo Link), huet Politologie an Anglistik studéiert an an der berufflecher Bildung enseignéiert. Hien huet verschidde Bicher iwwer regional Geschichte aus dem Raum Manderscheid a Wittlich erausginn, ënnert anerem d'Buch: Bau der Reichsautobahn in der Eifel (1939-1941/42). Hien ass Member am Förderkreis vum Emil-Frank-Institut vun der Universitéit Tréier a bei Memoshoa Lëtzebuerg.
Rezent Emissiounen
-
L'architecte-paysagiste Édouard André (1840-1911) ...
... et le style des promenades de Paris à Luxembourg. E Virtrag vum Marc Schoellen, am Kader vun der Ausstellung Pont Adolphe 1903, am Musée Dräi Eechelen.
-
Paul Eyschen, le recordman oublié de la politique luxembourgeoise
Konferenz-Zyklus ronderëm d'Ausstellung "Pont Adolphe 1903" am Musée Dräi Eechelen
-
Quand la musique classique s'invite au cinéma
De Paul Lesch hannerfreet déi intim Bezéiung tëscht der klassescher Musek an dem Film. Dat Ganzt illustréiert mat musikaleschen Extraite vu Filmer.
-
Question sur l'avenir du travail de mémoire (2. Deel)
Erënnerungskultur a politesch Bildung, Gedenken un den Holocaust, Jugend an Erënnerungsaarbecht am Fokus vun engem internationale Colloque
-
Question sur l'avenir du travail de mémoire (1. Deel)
Erënnerungskultur a politesch Bildung, Gedenken un den Holocaust, Jugend an Erënnerungsaarbecht am Fokus vun engem internationale Colloque
-
Eng Sprooch, eng Identitéit?
D'Sprooch(en) an d'Identitéit(en) zu Lëtzebuerg waren d'Thema vun enger rezenter Table Ronde, déi vun der radio 100,7 Journalistin Pia Oppel moderéiert gouf.
-
Iwwersetzer an Dolmetscher - Beruffer mat Zukunft?
E Colloque vun der Association Luxembourgeoise des Traducteurs et Interprètes (ALTI) am Mierscher Servaishaus
-
Red Dawn, Rambo II, Rocky IV et les autres
La Guerre Froide dans le cinéma dit "Reaganien" des années 1980. E Virtrag vum Dr. Paul Lesch, am Kader vun der Ausstellung "La guerre froide au Luxembourg 1947-1991"
-
La Diplomatie Grand-Ducale face à la Guerre de Corée (1950-1954)
E Virtrag vun der Dr. Corinne Schroeder am Kader vun der Ausstellung "La guerre froide au Luxembourg 1947-1991".
-
Putsch '46
En däischtert a verstoppten Evenement vun der Lëtzebuerger Geschicht
-
Wéi eng Plaz fir Lëtzebuerger Konscht?
Ofschloss-Diskussioun op der Art Week 2016 iwwert de Projet vun enger "Galerie nationale d'art uxembourgeois" mat ë.a. Lucien Kayser a Chantal Maquet
-
Von "Dr. No" bis "Goldeneye"
Der Kalte Krieg im Spiegel der James-Bond Filme. E Virtrag vum Historiker Yves Steichen am MNHA.
-
Un golden age pour les communistes luxembourgeois?
Le Parti Communiste Luxembourgeois (PCL) au Gouvernement d’Union nationale (1945-1947). E Virtrag vun der Historikerin, Stéphanie Kovacs am MNHA.
-
Populär Musek als Kommunikatiounsmëttel
Wat fir eng Roll hat de Massen-Medium Radio zënter senger Erfindung a Punkto Musek bei eis an Europa?
-
Wenn Musik und Politik miteinander tanzen.
"Die Musik als Waffe im Kalten Krieg."
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen