ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

"Etre d'ailleurs en temps de guerre"

Wéi ëmmer wann een sech d'Méi mécht, amplaz dat ofzeschreiwen, wat zënter Generatiounen vun engem Geschichtsbuch an dat nächst kopéiert gëtt, sech mat de primären Archivquellen auserneenzesetzen, entdeckt ee komplex an oft vergiessen historesch Realitéiten. Dat weist eng Ausstellung iwwer Diddeleng am Eischte Weltkrich. Dozou eng Chronik vum oder besser gesot vun zwee Zäithistoriker.

Rezent Emissiounen

  • De Paradox vun der franséischer Militärinterventioun 1919

    D'franséisch Militärinterventioun géint déi republikanesch Beweegung zu Lëtzebuerg, am Januar 1919 - e geschichtleche Paradox?

  • Happy Birthday H29

    Viru genau 90 Joer gouf ze Lëtzebuerg eng decisiv, historesch Entscheedung getraff : am Juli 1929 huet d'Chamber d'Holding-Gesetz gestëmmt.

  • Wien huet geputscht 1918-1919?

    Sou wéi a Frankräich ronderëm eng "légende républicaine", gëtt zu Lëtzebuerg de "roman national" zanter 100 Joer ronderëm eng monarchistesch Legend gestréckt.

  • Den 9. an 10. Januar 1919: Revolutiounsdeeg zu Lëtzebuerg

    Lëtzebuerg huet ufanks 1919 eng turbulent Zäit erlieft: Den 9. Januar 1919 gouf heiheem d'Republik zu Lëtzebuerg ausgeruff.

  • Eng Minoritéit vun ausgegrenzten Apatriden

    D'Nokrichsepuratioun huet an enger Biergerkrichsatmosphär stattfonnt. Fréier Kollaborateuren hunn dono nach jorelaang eng Minoritéit vun ofgegrenzten Apatridë gebilt.

  • D'Enn vum Enn vun der Geschicht

    D'Enn vum historeschen Zyklus, deen nom Fall vun der Berliner Mauer ugefaangen hat, depriméiert d'westlech Welt.

  • Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich

    E Bléck op d'progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit an der Lëtzebuerger Gesellschaft de 14. Dezember 1918.
     

  • Dat belscht Beispill

    Am Géigesaz zu Lëtzebuerg huet d'Belsch seng Gesetzgebung iwwer d'Entschiedegung vun Affer vum Zweete Weltkrich grondleeënd reforméiert.

  • 50 Joer Mouvement Ecologique

    D'Entstoe vum Mouvement écologique, am Kader vun de laange 1960er Joren vun den neie soziale Beweegungen

  • Wollef am Schofsstall

    Grad déi Leit déi während dem Krich eng wichteg Roll an den Spoliatiounen gespillt hunn, hu sech no der Befreiung ëm d'Entschiedegung gekëmmert.

  • A propos ...

    De Service Information et Presse vun der Regierung diffuséiert eng Geschicht vu Lëtzebuerg, déi d'Erkenntnisser aus der historescher Fuerschung einfach ignoréiert.

  • Honger

    Den Honger, dee während dem Éischte Weltkrich d'Gesellschaft gepéngegt huet, war d'Hiewan vun der Lëtzebuerger Natioun.

  • Den 10. November 1918: Revolutioun zu Lëtzebuerg?

    Firwat ass deemools eng revolutionär Beweegung zu Lëtzebuerg entstanen, a wéi eng Ziler an Auswierkungen op Politik a Gesellschaft hat dës Beweegung?

  • Vum lamentablen Zoustand vun der Geschichstschreiwung zu Lëtzebuerg

    De Rapport iwwer d'Comptes dormant seet vill aus iwwer iwwer de lamentablen Zoustand vun der Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg.

  • Grënnerzäit zu Diddeleng. En neie Bléck op d'Geschicht vu Lëtzebuerg

    Mir kënnen d'Geschicht vu Lëtzebuerg just verstoen, wa mir déi national Scheiklappen ausdinn.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen