Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Retour op Saarbrécken

Wéi de Christoph Poppen 2006 Chefdirigent vum Orchester vum Saarlännesche Rundfunk gouf, war en direkt mat enger grousser Erausfuerderung konfrontéiert: d'Fusioun vun den Orchestere vu Kaiserslautern a Saarbrécken als Deutsche Radiophilharmonie, déi de Poppen bis 2011 geleet an zu engem unerkannten Ensembel forméiert huet. E Sonndeg (25.3.2018) ass et elo de Retour fir de Christoph Poppen op Saarbrécken. En dirigéiert eng Konzertmatinée, déi SR2 Kulturradio an de radio 100,7 vun 11.00 Auer un live iwwerdroen. 

 

Rezent Emissiounen

  • Den European Union Baroque Orchestra

    Den Ensemble ass Orchestra in residence am Trifolion zu Iechternach.

  • De Mandolinist Juan Carlos Munoz

    De Museker huet mat sengen Ensemblen "Ensemble à plectres" vun Esch an Artemandoline eng jett Projeten geplangt.

  • D'Mariam Batsashvili

    Déi georgesch Pianistin ass Rising Star fir d'Saison 2016/2017.

  • Rainy Days 2016

    De Festival fir zäitgenëssesch Musek an der Philharmonie

  • Digital Musicology

    Wat sinn d'Chancen an d'Gefore vum Digitale fir d'Musicologie?

  • Musikbühne Saar

    De radio 100,7 an SR3 diffuséieren déi populär Museksemissioun e Sonndeg live aus dem Trifolion zu Iechternach.

  • De Choeur de Chambre de Luxembourg

    Den Ensemble huet eng nei CD publizéiert.

  • Talenter aus de Lëtzebuerger Conservatoiren

    D'Militärmusek spillt zesumme mat Absolvente vum Prix supérieur.

  • Au Seuil de l'Avent

    Um éischten Adventssonndeg proposéiert d'Maîtrise vun der Kathedral hiren traditionnellen Concert.

  • De Mariinsky Orchester

    Den Ensemble vu St. Petersburg kënnt fir zwou Soiréeën an d'Philharmonie.

  • Den American Horn Quartet

    De Kerry Turner, Matgrënner vum American Horn Quartet, Komponist, Cornist am OPL, ass am Studio, fir iwwert eng nei CD-Produktioun ze schwätzen. 

  • Die Zauberflöte

    Dem Mozart seng Oper ass am Saarbrécker Staatstheater ze gesinn.

  • Christian Gerhaher

    Vum Dr. med. zum unerkannten Lied-Sänger: De Bariton huet een interessanten a spannenden Parcours hannert sech. 

  • Stabat Mater

    Dee Schwäizer Chorerograph Urs Dietrich huet fir den Tréierer Theater dem Giovanni Battista Pergolesi säi Meeschterwierk fir den Danztheater adaptéiert. 

  • Musek vum Claude Debussy

    Concert-apéro vun den Amis de l’OPL mat der Hélène Boulègue (Flütt), der Dagmar Ondracek (Braatsch) an der Catherine Beynon (Harf)

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen