Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

(Photo: Bigstock/Dmitriy Sergeev)

Taxi-Reformen I & II

Am Taxi-Secteur solle weider Reformschrëtt kommen. D'Zieler vun der leschter Reform vum September 2016 wieren net alleguerten erreecht ginn, huet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch rezent bilanzéiert. Ugeduecht ass, datt et nëmmen nach eng eenzeg Taxi-Zone hei am Land soll ginn, d'Offer am Secteur soll vergréissert ginn an d'Rechter vun de Clientë viru gestäerkt ginn.

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz ass der Meenung, datt d'Taxi-Präisser hei am Land nach ëmmer ze héich sinn: der ULC no misst et der Branche an éischter Linn dorëm goen, fir weider Clienten ze gewannen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen