SchrëftstellerIn vum Mount

All Mount steet eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a ville Facette vum Wierk.

Schreftsteller vum Mount - Richard Dawkins

Richard Dawkins - Wierken haut

De Radio 100,7 hat dëse Mount d'Geleeënheet, ee Gespréich mat eisem Schrëftsteller vum Mount ze féieren. Am Ufank een distinguéierten Evolutiounsbiolog, huet sech dem Richard Dawkins seng Carrière schnell an d'Richtung vun der Wëssenschaftspopulariséierung beweegt. Virun allem säi Buch "The Selfish Gene" war destinéiert, di philosophesch Implicatioune vun der Evolutiounsbiologie an der Genetik anzefänken an duerzestellen. Spéider huet hien sech als Verfechter vum Atheismus verstanen, a sëch dogéint gewiert, dass reliéis Virstellungen oft zu Ongonschte vun der Rationalitéit ee Monopol op d'Moral beusprochen.

Am Gespréich setzt de Richard Dawkins eiser momentan kulturpessimistescher Stëmmung ee radikaalt Bild vu moraleschem Fortschrëtt entgéint, deen an der Geschicht festgeschriwwen ass, mee heiansdo op Ierweer geréit: hie verweist hei op di besser Aspekter vun eiser Natur.

Deene ville Virwërf vu Sozialdarwinismus, déi un hien adresséiert goufen mee déi hien ni op sech sëtze gelooss huet, begéint hie mat Mënschlechkeet;  a mat der Warnung, dass natierlech Selektioun kee Virbild fir eis sozial Organisatioun soll duerstellen.

De Kampf géint reliéis an ideologesch Iwwerzeegungen, Elementer déi senger Meenung no d'Gesellschaft splécken éischter wéi zesummebréngen, féiert hie mat engem Kannerbuch weider, dat sekular Educatioun erëm zeréck an de Mëttelpunkt setze soll.

Rezent Emissiounen

  • Norman Manea

    "Ich leide seit einigen Jahren an einem besonderen Syndrom: dem Jormania-Syndrom..."

  • Esther Kinsky

    "Lyrik ist eigentlich mein Hauptthema".

  • Esther Kinsky

    Mat "Hain. Geländeroman" gewënnt si de Buchpreis der Leipziger Buchmesse. Lyrik, Essayen an Iwwersetzunge si weider Sparte vun hirer Literatur.

  • Richard Dawkins - Wierken haut

    E Gespréich mam Auteur iwwert verschidde Kontroversen aus sengem Liewen, säin Aktivismus, säi Wierken a seng Aarbecht haut.

  • Richard Dawkins - Evolutiounskontroversen

    D'Evolutiounstheorie ass ondifferenzéiert ugaangen awar net nëmme Kreationisten en Dar am A. D'Darwin Wars an de 70er Joren hu kloer gemaacht firwat.

  • Richard Dawkins - Den Evolutiounsbiolog

    E Wëssenschaftler aus dem héichtechnesche Beräich vun der Evolutiounsbiologie an e Verfechter vun engem wëssenschaftlech motivéierten Atheismus

     

  • Edouard Louis

    "De mon enfance je n'ai aucun souvenir heureux"

  • Didier Eribon

    "Un retour n'est jamais terminé et, sans doute, jamais terminable."

  • Didier Eribon

    "La verité du sujet n'est pas dans le sujet, elle est dans l'histoire, dans des logiques qui nous échappent."

  • Didier Eribon

    "La honte du milieu d'où l'on vient ne nous quitte jamais"

  • Literaresch Bloggen ze Lëtzebuerg?

    Wli eng SchrëftstellerInne  bloggen ze Lëtzebuerg? A firwat?

  • Ech schreiwen, also bloggen ech!

    Iwwert berühmt a manner berühmt Literaturblogger a Bloggerinnen an eisen Nopeschlänner

  • Blogger - déi nei Literaturkritiker?

    Blog, Forum, Literaturkritik - wéi passt dat alles zesummen a sinn d'Amateurkritiker wierklech eng Gefor fir d'Qualitéit vu Rezensiounen?

  • Blogger a Literatur

    Wat huet ee Blog oder Blogger um Internet mat Literatur ze dinn.

  • Marie-Aude Murail

    "J'ai besoin des livres de jeunesse. Ils me donnent à profusion ce que les livres des grands cèdent si chichement : l'optimisme."

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen