SchrëftstellerIn vum Mount

All Mount steet eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a ville Facette vum Wierk.

Schreftsteller vum Mount - Richard Dawkins

Richard Dawkins - Wierken haut

De Radio 100,7 hat dëse Mount d'Geleeënheet, ee Gespréich mat eisem Schrëftsteller vum Mount ze féieren. Am Ufank een distinguéierten Evolutiounsbiolog, huet sech dem Richard Dawkins seng Carrière schnell an d'Richtung vun der Wëssenschaftspopulariséierung beweegt. Virun allem säi Buch "The Selfish Gene" war destinéiert, di philosophesch Implicatioune vun der Evolutiounsbiologie an der Genetik anzefänken an duerzestellen. Spéider huet hien sech als Verfechter vum Atheismus verstanen, a sëch dogéint gewiert, dass reliéis Virstellungen oft zu Ongonschte vun der Rationalitéit ee Monopol op d'Moral beusprochen.

Am Gespréich setzt de Richard Dawkins eiser momentan kulturpessimistescher Stëmmung ee radikaalt Bild vu moraleschem Fortschrëtt entgéint, deen an der Geschicht festgeschriwwen ass, mee heiansdo op Ierweer geréit: hie verweist hei op di besser Aspekter vun eiser Natur.

Deene ville Virwërf vu Sozialdarwinismus, déi un hien adresséiert goufen mee déi hien ni op sech sëtze gelooss huet, begéint hie mat Mënschlechkeet;  a mat der Warnung, dass natierlech Selektioun kee Virbild fir eis sozial Organisatioun soll duerstellen.

De Kampf géint reliéis an ideologesch Iwwerzeegungen, Elementer déi senger Meenung no d'Gesellschaft splécken éischter wéi zesummebréngen, féiert hie mat engem Kannerbuch weider, dat sekular Educatioun erëm zeréck an de Mëttelpunkt setze soll.

Rezent Emissiounen

  • Guy Rewenig

    "Eng Méck als Frëndin? Dat ass gelunn."

  • Erich Kästner

     "Erst bei den Enkeln ist man dann so weit, dass man die Kinder ungefähr verstehen kann."

  • Ljudmila Ulitzkaja

    "Je songe au mot 'paria' et à ce qu'il signifie: condition humaine au-dessous de laquelle il est impossible de tomber." (Anton Tchekhov)

  • Ljudmila Ulitzkaja

    "Je suis là, les gars ! Avec vous ! Allez, servez à boire ! Buvons et mangeons ! Comme toujours ! Comme d'habitude !"

  • Ljudmila Ulitzkaja

    "La littérature est ce que l'humanité possède de meilleur."

  • Ljudmila Ulizkaja

    "La littérature est ce que l'humanité possède de meilleur."

  • Georges Hausemer

    "Mein Tumor, der unerwünschte Gast, ist mit dabei, macht aber natürlich keinen Urlaub, ..."

  • Georges Hausemer

     "Ganz weit hinten eine erste Ahnung vom Groβen Kaukasus ..."

  • Dem Batty Weber seng Romaner an Theaterstécker

    A senge Romaner grad wéi a sengen Theaterstécker, Operetten, Revuen huet de Batty Weber ee kulturhistorescht Bild vu Lëtzebuerg ëm d'Joerhonnertwenn gezeechent.

  • Batty Weber - Abreisskalender

    Dem Batty Weber säin Haaptwierk. Iwwer 7.000 Texter huet den Auteur tëscht September 1913 an Dezember 1940 an der liberaler "Luxemburger Zeitung" publizéiert.

  • Batty Weber - en Iwwerbléck

    Ee vun deene bedeitendsten Schrëftsteller an Denker vum Ufank vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg

  • Christa Wolf - Nom Mauerfall

    D'Schrëftstellerin am Donschtkrees vum DDR-Regime?

  • Christa Wolf - Literatur an Utopie

    D'Christa Wolf zielt zu deenen bedeitendsten Schrëftstellerperséinlechkeeten vun der fréierer DDR, hier Wierker hunn international Unerkennung fonnt. 

  • Christa Wolf - veréiert a kritiséiert

    Christa Wolf - Liewen a Wierk, Deel 1

  • D'Nancy Huston an d'Margaret Atwood

    E klenge Sträifzuch duerch déi aktuell kanadesch Literatur.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen