Séier lafen oder schwéier schaffen

Mars Klein

D'Päerd stoung ëmmer fir Schéinheet an Eleganz, fir Kraaft an Ausdauer. Et ass veréiert ginn a bluddeg geschënnt. Joerdausendelaang war et dem Mënsch seng Tempo-Maschinn. Expansiv Muechtpolitik huet et méiglech gemaach: D'Kavallerie war eng redoutabel Krichswaff. Am 19. Joerhonnert krut de Biddi Konkurrenz: D'Dampmaschinn gouf d'Päerd vun der Eisebunn, de Vëlo e Päerdche fir de klenge Mann. An den Automobil war op eemol déi omnipresent Kutsch ouni Päerd. Zënter d'Bauerewiese mechaniséiert gouf, ass d'Päerd just nach en héichgeziichtent Sportinstrument. De Mars Klein weist d'Päerd dans tous ses états: An der Mythologie, Literatur, Konscht, am Film, awer och bei der fréierer haarder Aarbecht, beim Sport a soss Zirkus - an als gepéngegt Kreatur am Krich.

Päerd beim Pablo Picasso

Als grousse Fan vum Stéierkampf fanne mir am Picasso sengem Wierk ëmmer nees Päerd. An der Arena gëtt et jo och de Kampf vum Stéier géint de Picador, de Lanze-Reider um Biddi. A besonnesch imposant ass d'Päerd op sengem monumentalen Tablo Guernica, deen hie gemoolt huet fir de spuenesche Pavillon op der Welt-Ausstellung 1937 zu Paräis. Am Biergerkrich war déi baskesch Stad Guernica bombardéiert gi vu preisesche Fligeren. De Mars Klein mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

  • De Lew Tolstoi an d'Päerd

    All Dag geridden ass hie bis an den héijen Alter. Nieft senge Roman-Klassiker "Krich a Fridden" an "Anna Karenina" gëtt et och eng Rei Erzielungen iwwer Päerd.

  • D'Postkutsche vun den Thurn & Taxis

    Nieft dem Transport vun der Post hunn d'Thurn und Taxis Enn vum 18. Joerhonnert e Reseau mat Kutsche fir de Persounentransport opgebaut.

  • D'Post vun den Thurn & Taxis

    D'Famill Thurn und Taxis huet 1490 ugefaangen, fir den Haff vun den Habsburger den administrative Courrier tëscht Bréissel, Innsbruck an Neapel mat Reider-Stafetten ze transportéieren.

  • Päerd beim Franz Marc

    Päerd sinn en Haaptsujet am Wierk vum däitschen Expressionist, Member vun der Münchener Artistegrupp Der Blaue Reiter.

  • Päerd beim Pablo Picasso

    Besonnesch imposant ass d'Päerd op sengem monumentalen Tablo Guernica, deen hie gemoolt huet fir de spuenesche Pavillon op der Welt-Ausstellung 1937 zu Paräis.

  • Päerd an der germanescher Mythologie

    Deen ieweschte Gott Odin (och Wotan genannt) hat e gälleche Super-Biddi, de Sleipnir, dee mat aacht Houf iwwer d'Waasser galoppéieren an duerch d'Luucht fléie konnt.

  • Heinrich von Kleist: Michael Kohlhaas (1810)

    D'Erzielung dréit ëm d'Fro, op et e Recht gëtt, als eenzele Bierger sech ze wieren géint e korrupte Staat.

  • Der Schimmelreiter vum Theodor Storm

    Topeg Duerfleit maachen aus engem Däichgraf sengen Iwwerleeungen iwwert e modernen Däichbau a sengem ongewinnten Araber-Schëmmel eng Story vun Awerglawen an Däiwlerei.

  • De Buffalo Bill erfënnt de moderne Show-Spektakel

    D'Amerikaner - a geschwënn och d'Europäer - hu sech déi couragéiert a bluddeg Vergaangenheet am Wëlle Westen nospille gelooss.

  • E Cowboy, wéi en am Buch steet

    De William Frederick Cody (1846-1917), besser bekannt ënnert dem Spëtznumm Buffalo Bill, war ee vun de spektakuläerste Personnagen aus dem amerikanesche Wëlle Westen.

  • Mat der Postkutsch iwwert de Gotthard

    Méi wéi eng Millioun Leit sinn op enger vun de spektakuläerste Strecken an den Alpe vun der Schwäiz an Italien transportéiert ginn.

  • Päerdscoursë mat Quadriga-Gespaner

    Am Altertum e populären Amusement fir d'Griichen oder d'Réimer

  • Quadriga-Gespan

    Zwou där Skulpturen: d'Päerd op der Basilika San Marco zu Venedeg an um Brandenburger Tor zu Berlin. Béid goufe se vum Napoléon als Krichsgewënn op Paräis geschleeft.

  • De Reider aus Bronze

    Déi lescht Erzielung a Verse vum russesche Schrëftsteller Alexander Puschkin 1833

  • Eng schaureg-fantastesch Course um Päerd ëm Mëtternuecht

    Verzielt vum däitsche Schrëftsteller Gottfried August Bürger 1773 a senger bekannter "Ballad Lenore".

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen