ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Eng Owesdämmerung fir d'Zäitgeschicht wakreg ze rëselen

D'Buch vum Henri Wehenkel, "Entre chien et loup", iwwer 16 Mënschen, déi, zu Recht oder zu Onrecht, nom Zweete Weltkrich Kollaboratioun virgeworf kruten, ass e passionant Wierk. Et weist, wéi de methodeschen Zweiwel déi komplex historesch Realitéit vun dësem Land un d'Liicht ka bréngen. Geschriwwe gouf et mat der Determinatioun vun engem, deen es definitiv sat huet, zanter méi wéi 70 Joer Märercher erzielt ze kréien. Den Zäithistoriker Denis Scuto mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen