Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Robert Plant - Fate Of Nations

Mat "29 Palms" an "If I Were a Carpenter" kann de Plant zwee Single Erfolleger verzeechnen - zwee roueg Lidder, wou just seng apaart Stëmm de Lien mat de siwwenzeger Jore mécht. Just op enger Koppel Songs léisst hien et wéi zu Led Zep-Deeg uerdentlech kraachen.

Den ergräifendste Moment gëtt et mat "I Believe", e Lidd mat deem de Papp Robert Plant u säi Jong Karac erënnert, deen 1977 am Alter vu fënnef Joer gestuerwen ass. De Museker war an deem Moment mat Led Zeppelin op Welt-Tournee ... an déi ass deemools net ënnerbrach ginn.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen