Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Logo-Konferenz-RV-UNESCO-SonjaKmec

Les Rendez-Vous de l'UNESCO

Viru fënnef Joer hat iLux als éischt temporär Ausstellung am Musée Dräi Eechelen, ënnert der Direktioun vun der Sonja Kmec, d'Komplexitéit vun de Lëtzebuerger Identitéiten an Ugrëff geholl. D'Thema gëtt an der Konferenz verdéift, andeems den Afloss vum Patrimoine a sengen ënnerschiddlechen Ausdréck op dës Identitéiten analyséiert gëtt.

Eng Konferenz vun der Sonja Kmec, Assistenz-Professorin op der Uni Lëtzebuerg, de 4. Dezember 2017 am Cercle Cité, organiséiert ënner anerem vun der Commision luxembourgeoise pour la coopération avec l'UNESCO.

D'Introduktioun vum Virtrag mécht d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d'Kooperatioun mat der UNESCO.

Opgeholl  a verschafft vum Carlo Link. 

Sonja Kmec © Sophie Margue / University of Luxembourg

Zousazinformatiounen, zu der Konferenz, ze fannen op dëse Linken, respektiv Videoen:

1] Patrimoine culturel immatériel - La procession dansante d'Echternach: https://ich.unesco.org/fr/RL/la-procession-dansante-dechternach-00392

2] ICOMOS Conseil international des monuments et des sites: https://www.icomos.org/fr/a-propos-de-licomos/mission-et-vision/licomos-en-bref-2

Video 1 - Is it true what they say about ... Luxembourg?:  https://www.youtube.com/watch?v=BekwlqzNWT4

Video 2- Inspiring Luxembourg: http://www.inspiringluxembourg.public.lu/fr/index.html

Video 3 - Luxembourg second: https://www.youtube.com/watch?v=yjzUxDhuXig

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen