Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Logo-Konferenz-RV-UNESCO-DenisScuto

Les Rendez-vous de l'UNESCO

Deen éischter jonke Begrëff vum Patrimoine industrielle, deem seng éischt Vocatioun net ästhetesch an net kulturell war, leet den Akzent op d'Vermiechtnes. Fir déi Generatiounen déi eis virausgoungen, ware virun allem d'Minnen, d'Héichiewen an d'Walzwierker fir si een Haaptakommes. An eiser Zäit sinn déi selwecht Industrieinfrastrukture Géigestand gi vu wëssenschaftlecher Fuerschung oder nostalgescher Perceptioun.

Eng Konferenz vum Denis Scuto, Assistenz-Professer op der Uni Lëtzebuerg, de 5. Februar am Cercle Cité, organiséiert ënner anerem vun der Commision luxembourgeoise pour la coopération avec l'UNESCO.

D'Introduktioun vum Virtrag mécht d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d'Kooperatioun mat der UNESCO.

Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Denis Scuto © Carlo Link

Konferenz vum 5. Februar 2018 am Cercle Cité, Les Rendez-Vous de l'UNESCO  @ Carlo Link

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen