Blue Note

Manuel Ribeiro

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Eric Dürrer - Choco y sus complices

Den Eric Dürrer alias Choco schreckt net virdrun zeréck, grouss Projeten op d'Been ze setzen. D'Kär-Besetzung vu sengem neien Album "Buscando la Calma" sinn nämlech 18 Museker an da kommen nach Invitéen dobäi. Net nëmmen d'Taille spillt eng Roll, mee och d'Location: et sinn alles Bekanntschaften aus senger Zäit an Holland a Kuba, an deementspriechend si se en plus an all Himmelsrichtunge verspreet. Wéi den Eric et trotzdeem hikritt, si all an der Gitt ze halen, héiert Dir hei am Interview. Mat dobäi och e puer exklusiv Aspillunge vum Album a vill Background-Informatioun. Live ze gesinn ass de Projet de 27.4 am Trifolion zu Iechternach. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen