KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

"Pelléas et Mélisande", Zeenebild aus enger Produktioun vun der Wiener Staatsoper 2017 © Michael Pöhn

De Claude Debussy (1862-1918)

Nieft "La chute de la maison Usher", déi no néng Joer Aarbecht awer just Fragment bliwwen ass, huet de Claude Debussy nach eng Oper geschriwwen: "Pelléas et Mélisande". Och wann dëst Meeschterwierk haut feste Bestanddeel vum Repertoire ass, hat dëse musikaleschen Drama kee liichte Start: Sträit mam Auteur Maurice Maeterlinck an negativ Echoen no der Première op déi nei Téin vum Debussy. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen