Marie Laure Neiseler, Malik Lewis, Ramona Palade
Leschte Samschdeg war zu Esch am Theater de Concours National de la Danse, dee vun der Confédératioun Natioanl de la Danse organiséiert gouf. Dänzerinen an Dänzer am Alter tëscht aacht a 25 Joer hu virun enger internationaler Jury hiert Kënnen an de verschiddenen Danzgenrë gewisen. Fir dann um Enn e Präis ze kréien mat eventuell der Méiglechkeet um europäesche Concours oder beim franséischen Concours National ze danzen. De Jean Claude Majerus war zu Esch.