1968 - Revolt an Utopie

Thierry Simonelli

50 Joer no '68 ginn d'Diskussiounen doriwwer, wat deemools geschitt ass, nach ëmmer mat Pathos op där enger a mat Zynismus an Iwwerhieflechkeet op där anerer Säit gefouert. War et eng bal gelonge sozialistesch Revolutioun, eng kollektiv Nervekris vu verwinnte Studenten, eng Kulturrevolutioun, déi grouss sexuell Befreiung, en allgemenge Befreiungskampf géint déi sozial a politesch Strukturen oder eng lénksextrem Hetzcampagne mat totalitären Uspréch?

Revolutioun a Gewalt

1968 louch eng grouss Revolutioun an der Loft. Mee wéi sollt déi Revolutioun gemaach ginn? Mat Wierder oder mat Waffen? Mat witzege Spréch oder mat geziilter Provokatioun? Mat differenzéierten Argumentatiounen oder mat Bommen an den Supermarchéen? Hei scheede sech d'Geeschter. Verschidden Intellektueller a verschidde Studenteféierer hunn do ganz verschidden Usiichten. Op där enger Säit schéngt Gewalt net nëmmen inevitabel, mee esouguer gerechtfäerdegt. Op där anerer Säit erschéngt Gewalt illegitim, willkürlech a souguer als Verdrängungsmechanismus fir d'Onverständnes vun der Situatioun. Hannergrënn vum Thierry Simonelli.

Rezent Emissiounen

  • 68 an duerno

    Wat bleift vun 68? Wéi ass et no 68 weidergaangen? Wat war dann elo am Réckbléck op 50 Joer '68?

  • D'Enn vun der Aarbecht

    Eng vun de groussen Utopië vun 68. Wéi vill aner 68er Utopië gouf och dës an den 90er Joren op eng zynesch Aart a Weis vun der Wuesstemsideologie recuperéiert.

  • Kommunen: déi aner Aart Gesellschaft ze maachen

    D'Zil vun dësen héich mediatiséierte politesche Wunngemeinschaften war et, d'Theorie vun der Revolutioun an d'Praxis ze iwwerféieren.

  • Konkret Utopien

    68 ass dacks méi bekannt duerch seng Revolten a Kritiken, wéi duerch d'Versich d'Gesellschaft och konkret ze veränneren.

  • Global Revolutioun a spontan Revolt

    Waren d'Evenementer vun 68 eng richteg Revolutioun? Oder dach nëmmen eng Serie vu Revolten? A wéi sinn déi zwee vun eneen ze ënnerscheeden?

  • Frankräich 68: bal eng Revolutioun

    Tatsächlech gouf et keen anert Land, wou esou vill Leit op de Stroossen ware fir ze manifestéieren, wéi am Frankräich.

  • Revolutioun a Gewalt

    Wéi sollt 1968 déi Revolutioun gemaach ginn? Mat Wierder oder mat Waffen? Mat witzege Spréch oder mat geziilter Provokatioun? Hei scheede sech d'Geeschter.

  • Spaassrevolutioun a lénke Faschismus

    Niewent dem Spaass gouf et séier doudeescht. Studente goufe vun der Police zesummegeschloen, ... an erschoss. Verschiddener wollten eng Staatsguerilla organiséieren.

  • Wat war 1968?

    1968 entdecke mir eng Welt voll Alternativen. Eng Welt an där den ekonomeschen Integrismus genee esou kritiséiert gouf, wéi seng politesch a sozial Institutiounen.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen