Den amerikanesche Musical

Martine Reuter

Musek war ëmmer e feste Bestanddeel vum Kino an dat ëmsou méi vun deem Moment un, wéi endlech um groussen Ecran geschwat, gesongen a gedanzt gouf. Vun 1927 un huet de Musical de Public begeeschtert. Um Ufank vun de 50er Joren huet de Film-Musical säin Héichpunkt gefeiert a sech zënterhier ëmmer erëm nei erfonnt.

Vum Stommfilm bei den Tounfilm 1920-1929

D'Opkomme vum Toun revolutionéiert de Filmbusiness, deen deen Ablack grad emol 30 Joer al ass. Nom éischte "You ain't heard nothing yet" aus dem Mond vum Al Jolson am "The Jazz Singer" kommen d'Spectateuren op de Goût. D'Kinoe si virun allem da voll, wann um Ecran Musek an Danz gebuede gëtt. Stare sinn deemools d'Jeannette MacDonald, de Maurice Chevalier, d'Fanny Brice an den Charles King. D'Martine Reuter informéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen