1968 - Revolt an Utopie

Thierry Simonelli

50 Joer no '68 ginn d'Diskussiounen doriwwer, wat deemools geschitt ass, nach ëmmer mat Pathos op där enger a mat Zynismus an Iwwerhieflechkeet op där anerer Säit gefouert. War et eng bal gelonge sozialistesch Revolutioun, eng kollektiv Nervekris vu verwinnte Studenten, eng Kulturrevolutioun, déi grouss sexuell Befreiung, en allgemenge Befreiungskampf géint déi sozial a politesch Strukturen oder eng lénksextrem Hetzcampagne mat totalitären Uspréch?

Frankräich 68: bal eng Revolutioun

Frankräich war dat Land, gëtt dacks gezielt, dat 1968 enger Revolutioun am nächste koum. An tatsächlech gouf et keen anert Land, wou esou vill Leit op de Stroossen ware fir ze manifestéieren, wéi am Frankräich. Honnertdausende Studenten hu manifestéiert, a Milliounen Aarbechter hunn en Generalstreik vum 13. Mee bis Mëtt Juni 68 duerchgehalen. Mee esou séier wéi et am Frankräich lassgoung, esou séier an erstaunlech goung et och zu Enn. Mëtt Juni verbitt den de Gaulle d'Manifestatiounen an ordonnéiert Neiwahlen. Resultat: déi zwou konservativ Rietsparteien deele sech 77 Prozent vun de Votten.

Rezent Emissiounen

  • 68 an duerno

    Wat bleift vun 68? Wéi ass et no 68 weidergaangen? Wat war dann elo am Réckbléck op 50 Joer '68?

  • D'Enn vun der Aarbecht

    Eng vun de groussen Utopië vun 68. Wéi vill aner 68er Utopië gouf och dës an den 90er Joren op eng zynesch Aart a Weis vun der Wuesstemsideologie recuperéiert.

  • Kommunen: déi aner Aart Gesellschaft ze maachen

    D'Zil vun dësen héich mediatiséierte politesche Wunngemeinschaften war et, d'Theorie vun der Revolutioun an d'Praxis ze iwwerféieren.

  • Konkret Utopien

    68 ass dacks méi bekannt duerch seng Revolten a Kritiken, wéi duerch d'Versich d'Gesellschaft och konkret ze veränneren.

  • Global Revolutioun a spontan Revolt

    Waren d'Evenementer vun 68 eng richteg Revolutioun? Oder dach nëmmen eng Serie vu Revolten? A wéi sinn déi zwee vun eneen ze ënnerscheeden?

  • Frankräich 68: bal eng Revolutioun

    Tatsächlech gouf et keen anert Land, wou esou vill Leit op de Stroossen ware fir ze manifestéieren, wéi am Frankräich.

  • Revolutioun a Gewalt

    Wéi sollt 1968 déi Revolutioun gemaach ginn? Mat Wierder oder mat Waffen? Mat witzege Spréch oder mat geziilter Provokatioun? Hei scheede sech d'Geeschter.

  • Spaassrevolutioun a lénke Faschismus

    Niewent dem Spaass gouf et séier doudeescht. Studente goufe vun der Police zesummegeschloen, ... an erschoss. Verschiddener wollten eng Staatsguerilla organiséieren.

  • Wat war 1968?

    1968 entdecke mir eng Welt voll Alternativen. Eng Welt an där den ekonomeschen Integrismus genee esou kritiséiert gouf, wéi seng politesch a sozial Institutiounen.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen