Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

KLassik CD vun der Woch: Ophélie Gaillard

Strauss, en Held vum Cello?

De Richard Strauss huet net vill fir Cello geschriwwen. Awer d'Wierker op dësem Disk, eraukomm beim Label AparteMusic, gehéieren zu deene beschten aus dem Repertoire fir dëst Instrument, esou déi bekannten Cellistin Ophélie Gaillard.

Op dësem Disk sinn folgend Stécker ze héieren:

  • Sonate für Cello & Piano in f-dur, opus 6
  • Romanze für Cello & Orchester a f-dur, opus 13
  • Don Quixote - Phantastische Variationen über ein Thema ritterlichen Charakters
  • Morgen aus Vier Lieder, opus 27 (Fass. Cello, Klavier & Sopran)

Interpreten: Ophélie Gaillard, Cello - Alexander Conunova, Gei - Dov Scheindlin, Alto - Vassilis Varvaresos, Piano - Béatrice Uria Monzón, Mezzo-Sopran
Czech National Symphony Orchestra - Direktioun: Julien Masmondet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen