Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Francine Closener

Let's Make it Happen: Iwwer Tourismus, d'Handwierk an Nation Branding

Wat huet Lëtzebuerg als Touristen Destinatioun ze bidden? Wéi eng touristesch Clientèle ass an där neier Strategie viséiert? A wéi verkeeft d'Regierung Lëtzebuerg no baussen an hirer Nation Branding Campagne? Doriwwer schwätzt de Pierre Reyland mat der Staatssekretärin Francine Closener. Am Wirtschaftsministère ass si ënner anerem nach responsabel fir de Mëttelstand a fir d'Entwécklung vun den Industrie-Zonen, fir déi dee neie Plan sectoriel awer nach ëmmer net virläit.

Rezent Emissiounen

  • François Bausch

    Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister fuerdert d'Bierger op, matzediskutéieren. Wéi dëse partizipative Prozess ofleeft, ë.a. doriwwer geet Rieds mam Minister.

  • Education artistique, een Zukunftsfach?

    De Konscht-Enseignant André Michaux an de Marc Barthelemy vum Educatiounsminstère diskutéieren iwwer d'Roll an d'Zukunft vun der Education artistique am Lycée.

  • D'Muecht vun de Buergermeeschteren

    Wéi kënne Buergermeeschtere Politik gestalten? Doriwwer diskutéieren d'Vera Spautz, den Edgard Arendt, de Jean-Paul Schaaf an de Jean-Pierre Kauffmann.

  • Hannert de Kulisse vum Theater zu Lëtzebuerg

    "Lëtzebuerg muss säi Mannerwäertegkeetskomplex lassginn": D'Theaterexperte Carole Lorang an Olivier Garofalo diskutéieren.

  • Dan Kersch

    De Sträit iwwer d'Kierchefabricken ass nach net eriwwer. Gleeft den Inneminister drun, dee Sak nach an dëser Legislaturperiod zouzekréien?

  • CC 80, Utopia, Utopolis, and more: eng Entwécklung

    Ciné-Club 80, Utopia, Utopolis, and more... Vum puren Amateurismus bis zur kommerzieller Erfollegsgeschicht

  • Laurent Schonckert

    Wéi entwéckelt sech de Lëtzebuerger Eenzelhandel a wéi eng Roll spillt dobäi de Grupp Cactus?

  • Manner schaffen: Utopie oder Noutwennegkeet?

    Et diskutéieren: Nicolas Henckes (Generalsekretär UEL) an Nico Clement (Member vum Exekutiv-Büro vum OGBL).

  • Lëtzebuerg am Europa vun den Natiounen?

    Mam fréieren EU-Deputéierte R. Goebbels (LSAP), ADR-Deputéierte F. Kartheiser, fréieren EU-Ambassadeur J.-J. Kasel a Korrespondent vum Lux. Wort, D. Velazquez.

  • RMG: Garantie fir een dezent Liewen zu Lëtzebuerg?

    Et diskutéieren: d'Familljeministesch Corinne Cahen (DP), hire Virgänger Marc Spautz (CSV), Anne Franziskus (Statec) a Charel Schmit (Caritas Accueil et Solidarité).

  • Pascal Ricquier

    Wäert d'Reform d'Aarbecht vun der Police verbesseren oder gëtt d'Police just méi deier? Doriwwer gëtt mam President vun der Policegewerkschaft SNPGL diskutéiert.

  • Núria Garcia

    D'Méisproochegkeet hei am Land schaaft och Tensiounen: Mat der Politikwëssenschaftlerin geet et ëm Sproochepolitik am Grand-Duché.

  • Claude Wiseler

    Oppositiounsleader oder Staatsmann? De Fraktiounschef muss den Toun vun der Oppositioun treffen, mä och d'Roll vum CSV-Spëtzekandidat iwwerhuelen. E Gespréich.

  • D'Sproochepolitik iwwerdenken?

    Et diskutéieren: den Educatiounsminister Claude Meisch (DP), d’Deputéiert Martine Hansen (CSV), d'Neurowëssenschaftlerin Sonja Ugen an d'Sproochfuerscherin Claudine Kirsch.

  • Claude Haagen

    Den LSAP-President ass ënnert anerem Rapporter vum Staatsbudget 2017.

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen