World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

De Bësch als Inspiratioun: d'Mari Kalkun aus Estland (Foto: nordic notes / Ruduu Rahumaru)

Klanglandschaften

Eng Stonn Musek, eng Stonn Rou, Ofstand zur Hektik vum Alldag ...  Nouten ouni Wierder, Stëmmen, déi hirersäits op Instrumenter verzichten ... de Fred Medernach proposéiert Klanglandschaften, déi op d'Rees alueden, där gemittlecher a relaxer eng, dat mat rezenten Albumen a mat Grenzgänger, déi tëscht de Genren ënnerwee sinn.

Op der Playlëscht stinn dës Kompositiounen:

  1. Tebe Poem - The Bulgarian Voices Angelite (Duebelalbum 'Passion, Mysticism & Delight', Label JARO / www.jaro.de)
  2. Dark & Light - Dimitri Grechi Espinoza ('Recreatio', Ponderosa/Edel / www.ponderosa.it)
  3. Blue Rain - Modus Quartet ('Facing East', CPL Music / www.cpl-music.de)
  4. With Tongue And Heart + The Moth + Dark Circles - Mari Kalkun ('Ilmamotsan', Nordic Notes / www.nordic-notes.de)
  5. 1+1  + Leaf Rain - J-P Piirainen ('Twined', Bafe's Factory/Nordic Notes)
  6. Daniels Polska - Tuulikki Bartosik ('Great Tunes From Scandinavia', Noridc Notes)
  7. Tuulia - Uusikuu feat. Laura Ryhännen ('Great Tunes From Scandinavia', Noridc Notes)
  8. Blagosloven isi, Gospodi - The Bulgarian Voices Aneglite (Passion, Mysticism & Delight / Label: Jaro)
  9. Future - Vieux Farka Touré ('Mon Pays', Six Degrees Records / www.sixdegreesrecords.com)

 

Rezent Emissiounen

  • Haydamaky

    De polnesche Schrëftsteller Andrzej Stasiuk an déi ukrainesch Folk-Rock-Band Haydamaky mat Texter vum polneschen Nationaldichter Adam Mickiewicz

  • Von Kuba in die Welt

    Musek vun der karibescher Insel vu Kënschtler, déi een uechter d'ganz Welt begéint ... net nëmmen op Kuba selwer.

  • Neie Kascht fir de World-Summer

    Mat den aktuelle Release vu Fatoumata Diawara, Hazmat Modine, Bombino an Choco Y Sus Complices plus engem Bléck op den Atlantico-Festival

  • Jenseits von Indien

    En dacks mysteriéist Land, musikalesch ënner d'Lupp geholl ...

  • Cap Vert - Brasilien an zeréck

    Nei Produktioune vun den Inselen am Atlantik an de Live-Album vum brasilianeschen Trio Gilberto Gil - Gal Costa-Nando Reis.

  • Smile!

    Lidder aus allen Härelänner mat engem Laachen am Gesiicht ...

  • Sacred Sounds a schamanesch Beats

    Meditativ Gesäng, ronderëm d'Feier danzen a mystesch Kläng kënnen eis an eng aner Welt zauberen. Dës "World"-Editioun versetzt Iech an Trance.

  • Tram des Balkans

    Balkanbeats a Klezmerrhythmus: déi franzéisch Formatioun 'Tram des Balkans' ass den 8. Juni am Ettelbrécker CAPE.

  • Goran Bregovic

    Eng Stonn, déi dem bosnesche Kënschtler a Museker dediéiert ass.

  • Orlando Julius & the Heliocentrics live

    Den Optrëtt vum nigerianesche Saxophonist bei der BBC den 28. Oktober 2017

  • Op katalanesch!

    Eng musikalesch Rees an der katalanescher Sprooch - déi net nëmmen an der Géigend ronderëm Barcelona a Gebrauch ass ...

  • Francesco De Gregori live

    Den italiensche Cantautore/Songwriter live opgeholl am Oktober d'lescht Joer zu München.

  • Keng Kannerlidder, mee Lidder iwwer Kanner

    Vill Kënschtler hunn déi Kleng an hire Repertoire opgeholl.

  • Klanglandschaften

    E Bësch an Estland, eng al Zistern an Italien, bulgareschen a capella, finneschen Tango: Inspiratioun fanne Museker/innen iwwerall ...

  • Eng Rees an den Orient

    Eng musikalesch Stonn mat dem Sound aus dem Orient - dee kënnt mol vu méi wäit hier, mol vu méi no bäi.

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen