Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Sacha André vum Schëfflenger Déiereschutzveräin

Dëse Weekend war déi International Dogexpo um Kierchbierg. Bei Kontrolle vun der Security, der Douane an Déiereschutzveräiner gouf festgestallt, datt verschidde Proprietairen an Déierenziichter hir Hënn bei praller Sonn ouni Waasser oder Klimaanlag am Auto waarde gelooss hunn. Zwee Hënn hu misse saiséiert ginn. De Sacha André vum Schëfflenger Déiereschutzveräin am Gespréich mam Tessy Steffen-König.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen