Geliefte Musek

Luc Boentges

Op der UNESCO-Lëscht stinn iwwer zéng immateriell Kulturierwen, déi sech op d'Musek bezéien, z. B. d'Chouermusek vun Amateurchéier oder d'Lidder vun der däitscher Aarbechterbeweegung. Deen eenzege Punkt op der Lëtzebuergescher UNESCO-Lëscht vum Patrimoine culturel immatériel ass zënter 2010 d'Sprangprëssessioun. Wann een dës Lëscht verlängere kéint, wat géing een dann drop setzen? Vollekslidder wéi Zu Arel op der Knippchen an de Feierwon? D'Traditioun vun de lokale Blosmuseken oder vläicht de Kierchegesank?

Damien Sagrillo, Musekswëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg

D'Vollekslidd

Sangen op Lëtzebuergesch ass haut selbstverständlech. Fréier hunn d'Sproochen Däitsch a Franséisch dominéiert, mee firwat eigentlech? Wéi huet sech d'Lëtzebuerger Vollekslidd am Laf vun der Zäit entwéckelt? A virun allem: Gëtt et eppes typesch Lëtzebuergesches am Vollekslidd? Fir Äntwerten op dës Froen ze kréien, schwätzt de Luc Boentges mam Vollekslidd-Fuerscher Guy Schons a mam Musekswëssenschaftler Damien Sagrillo.

Playlëscht:

  • Edmond Lentz/Michel Lentz: Vu mengem Dueref (An Amerika)
    • Eugène Bley, RTL-Orchester
  • Laurent Menager/Michel Lentz: D'Margréitchen
    • Chorale Lyra Ettelbréck, Jean-Paul Majerus (Dir.)
  • Edelmann und Schäfer
    • Dullemajik
  • Complainte du Déserteur (traditional)
    • Dullemajik
  • Edmond Lentz/Michel Lentz: Wéi meng Mamm nach huet gesponnen
    • Lëtzebuerger Lidderchouer, Jean-Paul Majerus (Dir.)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen