Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Manfred Mann's Earthband - The Roaring Silence

De Südafrikaner Manfred Mann um Moog-Synthi an den Englänner Chris Thompson als charismatesch Stëmm dominéieren de Sound vun der Formatioun, déi op dësem Album mat zum Deel neie Personal operéiert - de Sound gëtt eng Grëtz méi kommerziell a geet manner a Richtung progrock.

Nieft dem Hit vum Album deen aus der Fieder vum Bruce Springsteen kënnt sicht d'Band och am klassesche Rayon bei Franz Schubert (mam Titel 'Questions') an Igor Stravinsky (bei 'Starbird') ... ouni déi allerdéngs als Quell ze nennen.

Presentéiert vum Fred Medernach

 

Rezent Emissiounen

  • The Beatles - The BEATLES (The White Album)

    E komplexen Duebelalbum vun de Fab Four (Sortie: 22.11.1968) mat vill Solonummeren an ëmmer manner Zesummenhalt bannen der Band.

  • Canned Heat - Living the Blues

    Den 1. November 1968 koum den drëtten Album vun der Blues- a BoogieBand Canned Heat eraus, eng vun den éischten Duebbel-LPen, déi um Maart war.

  • Jefferson Airplane - Volunteers

    D'kalifornesch Band gëtt am November 1969 den deemolegen Zäitgeescht erëm an Nouten an a Wierder: Protest an Anti-Establishment sinn Tromp!

  • Quincy Jones - You've Got It Bad, Girl

    Mir gi 45 Joer zeréck bei ee Soloalbum vum Smooth Operator Quincy Jones. "You've Got it Bad, Girl" vun 1973 ass Orchestratioun am grousse Stil.

  • Mary Margaret O'Hara - Miss America

    En 80er Kultalbum vun enger exzentrescher Musekerin déi Texter op hir eege Manéier séngt

  • Jacques Brel - Les Marquises

    Dem Brel säi leschten Album, opgeholl e puer Méint viru sengem Doud, den 9. Oktober 1978.

  • Scott Walker - Scott 2

    Dem enigmatesche Museker säin zweete Solo-Album vun 1968 mat Interpretatioune vum Jacques Brel, Burt Bacharach an Henry Mancini.

  • Bob Dylan - Time Out Of Mind

    No siwe Joer Komponéierpaus gëtt de Bob Dylan 1997 erëm en Album eraus. E gelongene Comeback, produzéiert vum Kanadier Daniel Lanois.

  • Ramones - Road To Ruin

    E Punkalbum feiert Gebuertsdag: d'US-Punker si viru genee 40 Joer mat e puer Akkorden an d'Charts komm.

  • Morphine - Cure for Pain

    D'Sich no engem Heelmëttel fir déi ënnerlech Péng féiert op Morphine hirem zweeten Album duerch ee Monochrom vu Bariton-Frequenzen.

  • Link Wray - Link Wray

    Eng rau Pärel vun 71 vum Erfinder vum Power Akkord, dee seng Roots Rock Säit zum Virschäi gëtt.

  • Stevie Ray Vaughan - Couldn't Stand the Weather

    De Gittarist vereent Blues a Rock, Eegekompositiounen a Friemes, dorënner eng Versioun vum Hendrix-Klassiker "Voodoo Child"

  • King Crimson - Red

    1974 kënnt King Crimson hire 7. Studioalbum, "Red" eraus, déi lescht Plack virun engem längeren Hiatus. D'Plack enthält mat den häertste Rock, deen d'Band je erausbruecht huet.

  • Billy Joel: Piano Man

    Deen zweete Studioalbum vum Singer, Songwriter a Pianist

  • Ornette Coleman - The Shape Of Jazz To Come

    Den zweeten Album vum amerikaneschen Jazz-Saxophonist (Oktober 1959), op deem et a Richtung free an Avantgarde geet ...

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen